René Biver
Ausgesinn
| René Biver | |
|---|---|
| Gebuer |
24. Oktober 1920 Suessem |
| Gestuerwen |
24. Oktober 1983 Suessem |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Vëlossportler, Lokalpolitiker |
| Huet matgemaach bei | Tour de France |
|
| |
De René Biver, gebuer de 24. Oktober 1920 zu Suessem, an och do gestuerwen de 24. Oktober 1983, war e lëtzebuergesche Vëlossportler a Lokalpolitiker.
An de Joren 1948, 1949, 1951 an 1952 huet hien um Tour de France deelgeholl, e konnt den Tour awer ni zu Enn fueren.
Zenter den 1950er Jore war de René Biver Gemengepolitiker bei der LSAP a gouf an de Suessemer Gemengerot gewielt. Wéi e gestuerwen ass, war en éischte Schäffe vun der Suessemer Gemeng.
Zu Suessem ass d'Place René Biver no him genannt.
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]Landesmeeschter op der Strooss (Amateur)
- 3. an enger Course ze Anciaux
- 31. am Tour de Luxembourg
- 16. am Tour de Luxembourg
- 35. am Tour de Suisse
- 14. am Tour de Luxembourg
- 26. am Grand Prix du Midi Libre
- 23. am Tour de Luxembourg
Ekippen
[änneren | Quelltext änneren]- 1949:
Garin - Wolber - 1950:
Nicolett - 1951:
Nicolett
