René Grün
Ausgesinn
René Grün | |
---|---|
Gebuer |
18. Februar 1933 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 27. Mee 2004 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sportler |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1960 |
De René Grün, gebuer den 18. Februar 1933 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 27. Mee 2004 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Boxer, Olympionik, an nieweberuffleche Sportsfotoreporter.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1960 zu Roum vertrueden.[2] Hien hat am éischten Tour géint den Amerikaner Phil Baldwin duerch K.O. verluer.
An der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft war hien ee Joer laang Vizemeeschter. An der Finall géint de Gaston Diederich war de Match no Punkten entscheet ginn. Well jiddwereen déi selwecht Punkte krut blouf de Gaston Diederech als Titelverdeedeger, Landesmeeschter.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer