Roger Schleimer

Vu Wikipedia
Roger Schleimer
Gebuer 3. Mäerz 1921
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 11. September 1996
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Politiker
Partei LSAP, SDP

De Roger Schleimer, gebuer den 3. Mäerz 1921 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 11. September 1996 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.[1][2],

Hie war en aktive Resistenzler deen 1941 vun der Gestapo verhaft gouf an op Hinzert an d'SS-Sonderlager bruecht gouf.[1],[3]

Hie war President vum lëtzebuergeschen Turnverband, Member vum Comité national vun der FEP[1] a Vizepresident vun der Europäescher Turnunioun.

Hie war vun 1968 bis 1979 Deputéierten an der Chamber, d'éischt als Member vun der LSAP, duerno als Vertrieder vun der SdP.[1]

Hie war vun Oktober 1963 bis den Oktober 1974 Member vum Gemengerot vun der Gemeng Esch-Uelzecht.[1]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Hommage à la mémoire du député Roger Schleimer op der 6. Säit vum compte rendu vun der Sëtzung vum 8. Oktober 1996 vun der Chamber
  2. Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.164.
  3. Archive copy Gearchiveerd op 2012-02-12. Gekuckt de(n) 2014-10-28.
  4. 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022