Roy Reding

Vu Wikipedia
Roy Reding
Gebuer 17. Juli 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Liberté - Fräiheet!

De Roy Reding, gebuer de 17. Juli 1965 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.

1999 gouf hien am Ballottage[1] an de Gemengerot vu Fëschbech bei Miersch gewielt.

Hie war Member vun der LSAP déi hien no 2005 verlooss huet fir der ADR bäizetrieden. Do gouf hie Generalsekretär an duerno ee vun hire Vizepresidenten.

Bei de Wale vum 20. Oktober 2013 gouf hie fir déi Partei an d'Chamber gewielt, a bei deene vum 14. Oktober 2018 erëmgewielt.[2]

Bei de Gemengerotswalen 2017 gouf hien an de Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg gewielt.[3]

Op .dok mécht hien d'Emissioun "Vu Fall zu Fall", zesumme mat senger Fra, der Notaire Karine Reuter. Virdrun hat hie laang op RTL Radio Lëtzebuerg eng Rubrik, wou hien den Droit einfach erkläert huet.

Um Spaweck

Commons: Roy Reding – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Resultater an der Gemeng Fëschbech
  2. elections.lu.
  3. Fiche op vdl.lu