Schëld C, 1a
![]() Verbueden eranzefueren | |
Bezeechnung | C, 1a |
---|---|
Kategorie | Verkéiersverbuetsschëld |
Land | Lëtzebuerg |
D'Schëld C, 1a ass e Verkéiersverbuetsschëld dat de Chauffere vu Gefierer an de Leit déi Déiere féieren ugëtt, datt d'Strooss nëmmen aus der anerer Richtung accessibel ass. An Ausnamefäll kënne verschidde Gefierer vum Verbuet ausgeschloss ginn, wann déi Gefierer, fir déi d'Verbuet net gëllt, op engem Zousazschëld opgezielt ginn.
Am allgemenge Sproochgebrauch gëtt dëst Schëld gär "sens interdit" genannt.
Originaltext aus dem Code de la route:[änneren | Quelltext änneren]
1. Accès interdit - Le signal C, 1a indique l'interdiction d'accès aux conducteurs de véhicules et d'animaux, auxquels la voie publique est uniquement accessible par la direction opposée. Dans des cas exceptionnels, il peut être dérogé à cette prescription par un panneau additionnel renseignant les véhicules auxquels cette interdiction ne s’applique pas[1].
Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]
Wann een dëst Verbuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vun 145 Euro an de Verloscht vun 2 Punkte vum Punkteführerschäin[2].
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Biller[änneren | Quelltext änneren]
-
Verkéiersschëld C,1a "Accès interdit" aus dem Lëtzebuerger Code de la Route.
-
Verkéiersschëld C,1a mam Zousazschëld Modell 6c.
-
...mam Zousazschëld Modell 5a
-
Variante vum Verkéiersschëld C,1a; gëtt op enger Autobunn-Opfaart gebraucht fir de falsche Wee unzeweisen.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Artikel 107 – III. Signaux d'interdiction et de restriction aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 6. Februar 2019
- ↑ ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 30. Mäerz 2018.