Schëld C, 2

Vu Wikipedia
Schëld C, 2
Fuerverbuet a béide Richtungen.
Bezeechnung C, 2
Kategorie Verkéiersverbuetsschëld
Land Lëtzebuerg


D'Schëld C,2 ass e Verkéiersverbuetsschëld dat de Chauffere vu Gefierer an de Leit déi Déiere féieren ugëtt, datt et aus deenen zwou Richtunge verbueden ass an d'Strooss eranzefueren, mat Ausnam vun de Leit déi do wunnen an deenen hire Liwweranten.

Am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch gëtt dat Schëld "Verbuede Strooss" genannt.

Originaltext aus dem Code de la route[änneren | Quelltext änneren]

2. Circulation interdite dans les deux sens - Le signal C,2 indique que l'accès est interdit dans les deux sens aux conducteurs de véhicules et d'animaux, à l'exception des riverains et de leurs fournisseurs[1].

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

Wann een dëst Verbuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vu 74 Euro[2].

Spezialfäll[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Stroosse sinn am Wanter mam Schëld C,2 mat dem Zousaz (fr) "en cas d'enneigement et de verglas" gezeechent. An deem Fall däerf ee "bei Schnéi an Äis" net duerchfueren. D'Stroossen déi ënnert dëst Verbuet falen, sinn an engem ministerielle Reglement opgezielt[3],[4].

Heizou um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 107 – III. Signaux d'interdiction et de restriction aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 6. Februar 2019
  2. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 30. Mäerz 2018.
  3. Règlement grand-ducal du 23 janvier 2014 concernant la réglementation temporaire de la circulation sur diverses voies étatiques des cantons de Remich, Mersch, Luxembourg et Wiltz en cas d'enneigement et de verglas op legilux.lu, gekuckt de 4. Februar 2019
  4. Règlement grand-ducal du 27 février 2014 concernant la réglementation temporaire de la circulation sur diverses voies étatiques des cantons de Diekirch et Vianden en cas d'enneigement et de verglas op legilux.lu, gekuckt de 4. Februar 2019