Schabloun:Op engem 1. Dezember
Ausgesinn
- 1640: Portugal gëtt nees vu Spuenien onofhängeg.
- 1918: Island gëtt e selbstännegt Kinnekräich, a Personalunioun mat Dänemark.
- 1918: D'Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Sloweene gëtt gegrënnt.
- 1935: Gebuert vum US-amerikanesche Komiker, Regisseur, Auteur a Schauspiller Woody Allen.
- 1953: Den Hugh Hefner gëtt déi éischt Nummer vum "Playboy" eraus.
- 1955: D'Rosa Parks gëtt zu Montgomery (Alabama) festgeholl, well s'an engem Bus engem Wäissen net wollt hir Plaz iwwerloossen. Dëst hat de Bus-Boykott vu Montgomery zur Folleg, deen zum Ophiewe vun der Rassentrennung an den USA mat bäigedroen huet.
- 2009: Den Traité vu Lissabon trëtt a Kraaft.
- 2011: Doud vun der däitscher Schrëftstellerin Christa Wolf.