Schabloun:Op engem 29. Oktober
Ausgesinn
- 1911: Doud vum amerikanesche Schrëftsteller Joseph Pulitzer, Stëfter vum Pulitzer-Präis.
- 1911: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt hiren éischten offizielle Lännermatch, de Géigner ass Frankräich. Lëtzebuerg verléiert 1:4 an den Albert Elter schéisst den éischte Gol.
- 1917: Gebuert vum US-amerikanesche Sänger a Schauspiller Eddie Constantine.
- 1930: Déi franco-amerikanesch Kënschtlerin Niki de Saint Phalle gëtt gebuer.
- 1956: No der Verstaatlechung vum Suezkanal duerch Egypten falen israeelesch Truppen an d'Sinai-Hallefinsel an: Ufank vum Suezkrich.
- 1976: Den SED-Chef Erich Honecker gëtt Staatsrotspresident vun der DDR.
- 2004: Zu Roum gëtt den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa ënnerschriwwen, en trëtt duerno awer ni a Kraaft, well en net vun all Land ratifizéiert gouf.
- 2010: Doud vum lëtzebuergeschen Auteur Fernand Barnich.