Simmerschmelz
Ausgesinn
Simmerschmelz | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Simmerschmelz de: Simmerschmelz |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Habscht |
Buergermeeschter | Serge Hoffmann (CSV) |
Awunner | 19 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 41’ 42’’ N 05° 59’ 14’’ O |
D'Simmerschmelz ass e Lieu-dit an der Gemeng Habscht. E läit op enger Héicht vun ongeféier 256 m (NG-L), um CR104 südwestlech vun der Simmerfarm, um rietsen Uwänner vun der Äisch.
Den Numm kënnt vun der fréierer Schmelz där hiren Urspronk op de 5. Oktober 1624 zeréckgeet. Se läit am Äischdall do wou eng kleng Baach, déi vum Olmesbur kënnt an déi fréier d'Schmelzeweiere gefiddert huet, an d'Äisch leeft.
Direkt niewendrun läit de Lieu-dit Simmerfarm, wou ausganks der 1930er Joren eng Ziichterei fir Heelplanze war.
Bis Enn 2017 huet Simmerschmelz zu der Gemeng Simmer gehéiert. Op den 1. Januar 2018 huet déi mat der Gemeng Habscht fusionéiert.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Vue op de Camping op der Simmerschmelz
-
Vue op de fréieren Hôtel-Restaurant
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jacques Dollar: La Simmerschmelz et les Forges d'Ansembourg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied