Spierebam

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Spirebam)
Spierebam
An anere Sproochen fr: Cornier (Sorbier domestique)
de: Speierling
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Famill Rosaceae
Gattung Sorbus
Wëssenschaftlechen Numm
Sorbus domestica
Linnaeus

De Spierebam (Sorbus domestica, (fr) sorbier domestique oder cormier, (de) Speierling) ass e Bam aus der Gattung Sorbus.

Et ass e Bam aus Südeuropa, Nordafrika a Westasien.

De Spierebam huet eng Schuel, déi där vum Bierebam gläicht, a liicht a rechteckeg Plättercher opgerass ass.

D'Kroun ass verwëlleft an d'Äscht stinn zimmlech riicht vum Stamm ewech. D'Blieder si gefiedert, 15–22 cm laang, mat 13-21 klenge längelzege Bliedercher, déi 3 bis 6 cm laang an 1 cm breet sinn. Beim Still ass de Bord vun de Bliedercher glat, soss schaarf an duebel geseet; déi ënnescht Säit huet kleng Hoer, an uewendrop si se giel-gréng.

D'Friichte sinn äppel- oder beirefërmeg (var. maliformis a var. pyriformis). Se si gréng a ginn op der Sonnesäit séier rout-brong.

Verbreedung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Spierebeem goufe vun de Réimer a Mëtteleuropa agefouert, well si hir Friichten als Zousaz gebraucht hu fir d'Konservéierung vum Viz an anere Fruchtjusen ze verbesseren. D'Friichte goufen och geholl als e Mëttel géint d'Iwwelzegkeet a géint Daarmkrankheeten[1].

Aus de Friichte gëtt och eng beléift Drëpp gebrannt. D'Holz vum Spierebam gëllt als dat häertst vun alle Lafbeem aus Europa.

D'Spierebeem sinn extreem rar zu Lëtzebuerg. Nieft de bemierkenswäerte Spierebeem um Pläitrengerhaff fënnt een nëmmen op der Musel an am Streech ronderëm Steeën a Schrondweiler e puer aner gutt gewuessen Exemplaren.

Zu Lëtzebuerg sinn eng 200 Exemplaire vum Spierebam bekannt, e bësse méi wéi d'Hallschent steet am Bësch, de Rescht kann een en a Bongerten oder laanscht Stroossen a Weeër fannen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spierebam – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0, S. 196