Op den Inhalt sprangen

T Coronae Borealis

Vu Wikipedia
T Coronae Borealis
Stärebild:Corona Borealis (CrB)
Daten
EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun15°59'30,161"
Deklinatioun+/25°55' 12,60"
visuell Magnitude+ 10,08 mag
Spektralklass:M3 III p
verännerleche Stärtyp
Astrometrie
Radialvitess:
Parallax
Distanz2000 Lj
VariabelNR
V-RA(−5,97 ± 1,22)
V-DE(+9,81 ± 1,49)
Physikalesch Eegenschaften
Mass:
Radius:
Liichtkraaft:
Uewerflächentemperatur… K
Aner Bezeechnungen
Bonner DuerchmusterungBD +26° 2765
Bright Star CatalogueHR 5958
Henry-Draper-KatalogHD 143454
Hipparcos-KatalogHIP 78322
SAO-KatalogSAO 84129
Tycho-KatalogTYC 2037/1144/1

Den T Coronae Borealis (kuerz T CrB) ass eng rekurréierend (zeréckkommend) Nova am Stärebild Corona Borealis, déi ronn 2.000 Liichtjoer vun eis ewech ass. Seng visuell Magnitudeläit bei 10,8 mag. 1866 an 1946 war seng Hellegkeet kuerz op 2,0 mag geklommen.

Et handelt sech ëm en Duebelstäresystem, bei deem sech een ausgedeenten Roude Ris an ee kompakten Wäissen Zwerg a kuerzem Ofstand ëmkreesen. D'Matière aus dem Gasmantel vum Roude Ris stréimt op de wäissen Zwerg iwwer. Gëtt eng kritesch Mass erreecht, setze Fusiounsprozesser an, déi als explosiounsaarteg Hellegkeetsausbréch gesi kënne ginn.

De Buschtaf "T" virun dem Numm identifizéiert no de Konventioune fir d'Benennung vu verännerleche Stären, dëse Stär als drëtten, deen am Stärebild Corona Borealis (nërdlech Kroun) entdeckt gouf.

Portal Astronomie