Tageblatt

Vu Wikipedia
Versioun vum 03:10, 9. Mäe. 2014 vum RobbyBot (Diskussioun | Kontributiounen) (clean up, replaced: → (7) using AWB).
D'Entête tëscht 1913 an haut.
De Sëtz vum Tageblatt zu Esch-Uelzecht.
Titelblat vun der éischter Nummer vum 30. Juni 1913

D'Tageblatt ass eng Lëtzebuerger Dageszeitung. Si ass fir d'éischt den 30. Juni 1913[1] als "Escher Tageblatt, demokratisches Organ für die Interessen des Kantons Esch" erauskomm. Haut ass hiren Ënnertitel "Zeitung fir Lëtzebuerg".

Geschicht

D'Tageblatt gouf vum Paul Schroell gegrënnt. Et koum ufanks am Escher Druckerei- und Zeitungsverlag eraus, Chefredakter war de Frantz Clément, méi spéit de Gust van Werveke. Eng Zäit laang gouf et Nieweneditiounen, déi "Luxemburger Tageblatt" an "Differdinger Tageblatt" houschen.

1927 huet de Paul Schroell d'Dréckerei an d'Editioun un déi fräi Gewerkschafte verkaaft. D'Editiounsgesellschaft huet haut den Numm Editpress.

2013 huet d'Tageblatt honnert Joer gefeiert. Aus dësem Grond koum mat der Editioun vum 26. Juni 2013 eng Extrabäilag eraus (Tageblatt - Un journal dans son siècle), déi ënner anerem nach emol chronologesch déi wichtegst Meilesteng an der Entwécklungsgeschicht vun der Zeitung opgegraff huet, an dës a Relatioun zu bedeitenden nationalen an internationalen Evenementer gesat huet. An där Bäilag goufen och nach emol eng Rëtsch vun Titelsäiten aus der Vergaangenheet reproduzéiert.[2]

Zuelen

Räichwäit

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 16,4 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer d'Tageblatt gelies. 2006/2007 waren et der 15,10 %; 2007/2008 14,10 % an 2008/2009 13,85 %.[3] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[4] 2011 waren et 13,30 %[5]

Pressehëllef

2011 huet d'Tageblatt 1 650 446 € staatlech Pressehëllef kritt.[6]

Oploen

Verkaaft Oploen, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel beglaubegt gouf:[7]

uganks 2000 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009 000 0004. Tr. 2009000 000 2. Tr. 2010 000 000 4. Tr. 2010 000 ... 000 2. Tr. 2012 000
17.252 ... 16.193 15.855 15.434 15.077 14.951 ... 14.028

Literatur

  • Scuto, Denis: "1913: la naissance d'un grand quotidien de la gauche au Luxembourg: 'Escher Tageblatt - demokratisches Organ für die Interessen des Kantons Esch'."In: Tageblatt: 85 Jahre Tageblatt. Nr. 148 (30. Juni 1998), S. 5-11.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Tageblatt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Cent ans de «Tageblatt» Le Jeudi, 22. Juni 2013
  2. Tageblatt-Zeitung fir Lëtzebuerg 100 Joer 1913-2013: Un journal dans son siècle, S.18-42.
  3. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
  4. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  5. Ministère d'État: Rapport d'activités 2011, S.22.
  6. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.
  7. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäiluecht Communication, S. 10; dees.:"Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5; dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäiluecht Communication, S.8; an dees.: "Der zögerliche Abschied der Parteiblätter." d'Lëtzebuerger Land Nr.38., 21. September 2012, S.6.