Op den Inhalt sprangen

Tapis Hertz

Vu Wikipedia
Tapis Hertz
Typ Sàrl
Grënnungsdatum 1946
als Gesellschaft den
21. Februar 1984[1]
Land Lëtzebuerg
Sëtz 44, Groussgaass
L-1660 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Generaldirekter Nathalie Aach
Mataarbechter 30[2]
Branche Eenzelhandel
Produit Teppecher, Textilien
Homepage tapishertz.lu
Annonce am Escher Tageblatt (1948)
Annonce am Luxemburger Wort (1949)

Tapis Hertz, gegrënnt ënnert dem Numm Rodolphe Hertz, war e bekannten Teppech- a Textilbuttek an der Groussgaass an der Stad Lëtzebuerg. Butteker vun Tapis Hertz hu bis September 2024 op der Helfenter Bréck an an der Belle Étoile bestanen.

Den éischte Buttek vum Rodolphe Hertz a senger Fra goung 1946 um 1. Stack vum Gebai um Eck Groussgaass / Gruef vis-à-vis vun der Maison Moderne op (haut: Gebai Fielmann). Am Mee 1949 ass de Buttek op Nummer 34 vun der Groussgaass geplënnert, wou en dunn och schonn op zwéi Stäck etabléiert war. 1963 ass e vum Guy Aach a senger Fra Danielle Hertz, enger Niess vum Firmegrënner, iwwerholl ginn.

Nodeems de Buttek Vogue op 44 an der Groussgaass opgehalen hat, huet Tapis Hertz sech do, um Eck mat der Kapuzinergaass, néiergelooss. D'Geschäft konnt op véier Stäck vergréissert ginn a huet seng Gamm vergréissert; et goufe vun do un och Dicher, Riddoen, Bettgezei asw. ugebueden.

2003 huet d'Nathalie Aach, déi zanter 1994 am Betrib war, d'Gerance vum Buttek vun hiren Elteren iwwerholl, déi dunn 2013 an d'Pensioun goungen. 2013 huet Tapis Hertz en zousätzleche Buttek an der Belle Étoile opgemaach.

2019 huet Tapis Hertz de Buttek an der Groussgaass, de klenge Buttek an der Belle Étoile an d'Teppechhal op der Helfenter Bréck zougemaach an eng Woch méi spéit e grousse Buttek vu 600 m² an der Belle Étoile opgemaach.

2024 huet Tapis Hertz och säi leschte Buttek an der Belle Étoile zougemaach. D'Departementer vun de Riddoen an Tapis-plaine si vum de Buedemleër[sic] vun Éilereng iwwerholl ginn[3].

 Commons: Tapis Hertz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ageschriwwen am Handelsregëster als Tapis Hertz sàrl ënnert der Nummer B21298
  2. gekuckt op editus.lu de 14. Juli 2019
  3. Unsere Geschichte, de Buedemleër im Laufe der Jahre. www.d-b.lu. Gekuckt den 13.01.2026.