Telefonskabinn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng Telefonskabinn zu Klierf, zougänglech fir Leit am Rollstull

Eng Telefonskabinn ass eng eppes iwwer maanshéicht kleng Kabaischen, déi meeschtens am ëffentleche Raum steet, an an där en Telefon installéiert ass.

D'Kabaischen (dacks aus Glas, oder op d'mannst mat Fënsteren) déngt dozou, den Telefon (an de Gebraucher) viru Reen a Kaméidi ze schützen. Den Telefonsapparat an enger Kabinn funktionéiert meeschtens (ausser fir Noutriff), mat Mënzen oder mat am viraus kaaften Telefonskaarten. Et kann ee sech och do uruffe loossen.

Zanter der allgemenger Verbreedung vum Handy ginn d'Telefonskabinne méi rar, well et ëmmer manner Leit ginn, déi drop zréckgräifen.

An Europa schreiwe Gesetzer vir, op wéi vill Awunner eng ëffentlech Telefonskabinn muss kommen.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf et am Joer 2015 329 Telefonskabinnen. Dobäi komme 24 Telefonen an ëffentleche Gebaier, déi mat Telefonskaart fonktionnéieren. Se sinn no der Awunnerzuel verdeelt: an der Stad Lëtzebuerg ginn et der 49, zu Esch-Uelzecht eelef, zu Diddeleng der aacht, zu Déifferdeng der sechs, asw. Am Mount goufen an der Moyenne 95,83 Uriff pro Kabinn gemaach.[1]

Verdeelung no Kanton (2015)[1]

  • Dikrech 30
  • Esch-Uelzecht 69
  • Gréiwemaacher 18
  • Iechternach 17
  • Kapellen 23
  • Klierf 15
  • Lëtzebuerg 107
  • Miersch 22
  • Réiden 12
  • Réimech 16
  • Veianen 8
  • Wolz 18

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Telefonskabinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Sara Bamberg: "Alte Bekannte am Wegesrand", in: Luxemburger Wort, 12. Dezember 2015, S.31.