Théo Peffer

Vu Wikipedia
Théo Peffer
Gebuer 30. Dezember 1929
Gestuerwen 16. Dezember 2014
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Théo Peffer, gebuer den 30. Dezember 1929 zu Hiefenech a gestuerwen de 16. Dezember 2014[1], war e lëtzebuergeschen Auteur vun Artikelen a Sachbicher iwwer Zëmmer- a Gaardeplanzen. Hien hat jorelaang eng Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg zu deenen Theemen, an d'Rubrik “Elo am Gaart” am Lëtzebuerger Journal.

Hie war vun 1994 bis 1999 fir d'DP am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Am Haaptberuff war en Haaptinspekter bei der Post. Säi Wëssen iwwer d'Planzen an de Gaart hat e sech sëlwer bäibruecht.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kimmer, Jacqueline, 2014. Eine Persönlichkeit. Traurige Nachricht: Der bekannte Blumen- und Pflanzenfreund Théo Peffer ist tot. Lëtzebuerger Journal 2014, Nr. 296 (20. Dezember), S. 21.
  • Pflanzen-und Gartenexperte Theo Peffer ist tot. Luxemburger Wort 2014, Nr. 296 (20. Dezember), S. 35.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Den Théo Peffer ass dout." rtl.lu, leschten Update: 19.12.2014, 09:44:11. Op wort.lu gouf iertimlecherweis de 6. Dezember als Datum uginn.