Torquetum
En Torquetum oder Turquetum (lat. torquetum, turquetum, turketum a weider Wuertvarianten, och als Maskulinum mat -us, engl. a frz. turquet) ass e mëttlealterlecht astronomescht Instrument, dat d'Funktioune vun enger Armillarsphär an engem Astrolab vereenegt an et erméiglecht, d'Koordinate vun engem Himmelskierper souwéi seng aktuell Héicht an d'Auerzäit no termporale Stonnen ze bestëmmen.
Haaptdeel
[änneren | Quelltext änneren]Den Urspronk vum Numm ass net sécher. E gëtt normalerweis vum lat. torqueri „dréien, verdréien“ ofgeleet, gouf awer awer anscheinend och schonn am Mëttelalter mat turcus „türkesch“ a Verbindung bruecht. Och den Urspronk vum Instrument ass net bekannt. Et ass méiglecherweis eng arabesche Erfindung a gëtt dacks speziell als Erfindung vum Gabir ibn Aflah (Geber) ugesinn, deen an der éischter Hallschent vum 12. Joerhonnert zwee Instrumenter beschriwwen hat, déi awer als Virleefer gëlle kënnen.
Déi eelst Beschreiwunge sinn an zwéi laténgeschen Texter. Dobäi handelt et sech zum engen ëm een a villen Handschrëften iwwerliwwerten Tractatus de torqueto, deem seng eelst datéiert Ofschrëft den 2. Juli 1284 zu Paräis fäerdeg gouf. Deen an den Handschrëfte genannte Auteur, Franco de Polonia, ass net weider bekannt, seng geleeëntlech Identitéit mam däitsche Musiktheoretiker Franco vu Köln („Franco de Colonia“) deen déi Zäit zu Paräis geléiert huet, ass net sécher. Eng weider Beschreiwung vum Torquetum gëtt et am Tractatus super totam astrologiam vum Franziskaner a Professer Bernhard vu Verdun (Bernardus de Virduno), deem seng Schrëft net sécher ze datéieren ass, awer jiddefalls net virun 1264 a warscheinlech net no 1320 entstoung.
Weider Indizie fir Kenntnes a Gebrauch vum Instrument ergi sech aus Koméitenobservatioune vun 1299 beim Pierre vu Limoges (Petrus Lemovicensis) a vun 1301 (anonym, méiglecherweis och vun deem). Och de Johannes de Muris hat d'Instrument fir eng Miessung den 12. Mäerz 1318 benotzt.
Ausféierlech Artikele goufe spéider vum Johannes vu Gmunden († 1442) oder engem vu senge Schüler a vum Johannes Regiomontanus a Peter Apian (1532) verfaasst.
Dat eelst Bild ass an enger Handschrëft aus der Mëtt vum 14. Jh. vun der Ashmolean Library zu Oxford ze fannen. Déi eelst erhalen Instrumenter stamen aus dem Besëtz vum Marcin Bylica (fabrizéiert vum Hans Dorn) a vum Nicolaus Cusanus. De Cusanus hat d'Instrument zu Nürnberg kaf. No den an der Zeitschrift für Instrumentenkunde am Dezember 1920 publizéierten Ënnersich vum Hartmann gouf d'Türkeninstrumentt vum Cusanus ëm d'Joer 1434 gebaut.[1]
Eng weider konschtgeschichtlech bedeitend Duerstellung vum Instrument fënnt een op der Molerei „Déi franséisch Gesandte“ vum Hans Holbein dee Jéngsten.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wolf Frobenius: Der Musiktheoretiker Franco von Köln. In: Albert Zimmermann (Edit.): Die Kölner Universität im Mittelalter: geistige Wurzeln und soziale Wirklichkeit. de Gruyter, Berlin, New York 1989, ISBN 3-11-012148-4, S. 345–356 (= Miscellanea Mediaevalia, 20).
- Richard Lorch: Turquetum. In: Lexikon des Mittelalters. Band VIII. 1997, Sp. 1120.
- Emmanuel Poulle: Bernard de Verdun et le turquet. In: Isis. 55, 2, 1964, S. 200–208.
- Lynn Thorndike: Franco de Polonia and the Turquet. In: Isis. 36, 1, 1945/1946, S. 6–7.
- Ernst Zinner: Deutsche und niederländische astronomische Instrumente des 11. bis 18. Jahrhunderts. Beck, München 1956.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Torquetum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Richard A. Paselk: The Torquetum