Uniqlo

Vu Wikipedia
Uniqlo
Uniqlo Buttek zu Osaka

Uniqlo Co., Ltd. (Japanesch: 株式会社ユニクロ, Kabushiki-gaisha Yunikuro) ass eng japanesch Firma déi salopp Kleeder designt, fabrizéiert a verkeeft. D'Firma déi ursprénglech a Japan gegrënnt gouf, huet sech am 21. Joerhonnert iwwer Japan eraus verbreet a gouf séier eng grouss Kleedermark, vergläichbar mat Firme wéi H&M. Uniqlo hat 2023 méi wéi 2.400 Geschäfter weltwäit.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Uniqlo gouf 1949 zu Ube (Yamaguchi) als en Deel vun der Firmegrupp Fast Retailing Group gegrënnt[2] an am Joer 1984 ass en Unisex casual Kleedergeschäft mam Numm Unique Clothing Warehouse zu Hiroshima opgemaach ginn; méi spéit gouf den Numm op Uniqlo gekierzt.

Uniqlo huet säin éischte Buttek baussent Japan 2001 zu London opgemaach an 2002 säin éischte Buttek zu Shanghai. 2005 huet déi éischt amerikanesch Uniqlo-Filial zu New York opgemaach.[3]

Uniqlo beschäftegt den Ament(2023) méi wéi 30.000 Leit a schafft a méi wéi 25 Länner. Et gëtt iwwer 800 Uniqlo Geschäfter a Japan (dovun der iwwer 100 eleng zu Tokio) an iwwer 70 Geschäfter an Europa.[4]

Et gëtt sechs Uniqlo Geschäfter am Benelux. D'Ouverture vun der éischter Filial an der Belsch war am Oktober 2015 an an Holland am September 2018. Zu Lëtzebuerg goung dat éischt Geschäft am Oktober 2023 op.

Uniqlo zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg huet de 26. Oktober 2023 den éischten Uniqlo-Buttek an der Groussgaass an der Stad opgemaach. De Kaman Leung, COO vun Uniqlo Benelux, sot am Interview, datt Uniqlo an Holland an an der Belsch gutt opgeholl gëtt an et dofir Zäit wier, eng Filial zu Lëtzebuerg opzemaachen. Re.Uniqlo, wou een d'Kleeder ka flécken a bitze loossen, ass och zu Lëtzebuerg disponibel. Fir d'Ouverture huet d'Lëtzebuerger Designerin Lynn Cosyn eng Broderie mat Lëtzebuerger Motiven entworf, déi een op eng Posch oder op d'Kleeder bitze kann.

D'Filial an der Stad ass 900 Quadratmeter grouss an huet 3 Stäck.[5]

Logoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Group Outlets(en)
  2. [1]
  3. FAST RETAILING CO., LTD. - Annual Report 2005
  4. Business(en)
  5. Uniqlo opens in Luxembourg City(en)
Commons: Uniqlo – Biller, Videoen oder Audiodateien