Virgo-Galaxiëkoup
De Virgo-Galaxiëkoup ass e grousse Galaxiëkoup mat op d'mannst 1300, méiglecherweis awer 2000 Galaxien, deem säin Zentrum op enger Distanz vu 65 Millioune Liichtjoer läit.
De Koup mécht den Zentrum vum lokale Superkoup, deen och Virgo-Superkoup genannt gëtt. Déi Lokal Grupp, vun der Galaxiëgrupp, zu där eis Mëllechstrooss gehéiert, ass en Deel vun dësem Superkoup.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den éischte Member vum Virgo-Galaxiëkoup gouf am Februar 1771 vum Charles Messier entdeckt. Mir wëssen haut, datt et sech bei der niwweleger Wollek, déi de Messier deemools katalogiséiert hat, fir Verwiesselunge mat Koméiten zevirzekommen, tatsächlech ëm déi elliptesch Risegalaxie Messier 49 handelt. Schonn am Mäerz vum selwechte Joer huet de Messier weider hell Membergalaxien, déi de Pierre Méchain entdeckt hat (dorënner d'Risegalaxie Messier 87, déi och als Virgo A bekannt ass) a säi Katalog agedroen. Dee Mount kann dofir als den Zäitpunkt vun der Entdeckung vu Galaxiëkéip ugesi ginn.
De Messier huet a sengem Katalog am Ganze 16 Galaxien agedroen, déi haut als Membere vum Virgokoup identifizéiert sinn: M49, M58, M59, M60, M61, M84, M85, M86, M87, M88, M89, M90, M91, M98, M99 a M100. De Messier huet a senge Notizen hanner der Androung fir M91 déi follgend Sätz geschriwwen (iwwersat nom Kenneth Glyn Jones):[1]
- D'Stärebild Virgo a speziell säin nërdlechen Deel ass eent vun de Stärebiller, dat déi meescht Niwwelen huet. De Katalog huet der 13, déi bestëmmt goufen, nämlech d'Nummeren 49, 58, 59, 60, 61, 84, 85, 86, 87, 88, 89, 90 an 91. All dës Niwwele schénge keng Stären ze hunn.
De Messier hat also schonn deemools erkannt, datt dës Niwwelen eng Grupp formen an datt et sech net ëm Stärekéip handelt. Ronn 150 Joer virun der éischter Observatioun vun Eenzelstären am Andromedaniwwel, konnt de Messier natierlech d'Natur vun de Galaxien als Stäresystem, baussenzeg vun eiser Mëllechstrooss, net erkennen.
Déi hell Sombrero-Galaxie M104, déi duerch hir Lag um Himmel visuell zu dëser Grupp gehéiert, ass allerdéngs kee Member vum Koup, well si eis méi no ass, wéi déi aner Galaxiëmembere vum Koup.
Galaxien am Virgokoup
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt ongeféier 30 Galaxien am Virgokoup, déi méi hell wéi 10,5. Gréissteklass sinn:[1]
|
|
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) California Institute of Technology site iwwer de Virgo-Koup.
- (en) Heron Island Proceedings
- (en) Atlas of the Universe / The Virgo Cluster
- (en) Chandra X-Ray Observatory: The Virgo Cluster
- (en) The Virgo Cluster of Galaxies, SEDS Messier-Säiten