Vision for Europe Präis

Vu Wikipedia

De Vision for Europe Präis, och nach Vision for Europe Award genannt, ass e Präis fir Verdéngschter ëm Europa.

E gouf tëscht 1995 an 2008 all Joer vun der Edmond Israel Fondatioun als Unerkennung fir aussergewéinlech Bedeelegung un der Moderniséierung vun Europa iwwerreecht. De Gewënner krut de Präis wärend enger Zeremonie am Gebai vun der Edmond Israel Foundation an der Stad Lëtzebuerg iwwerreecht. De Präis selwer gouf vum Lëtzebuerger Sculpteur Lucien Wercollier entworf. De Jacques Santer krut 1995 den éischte Vision for Europe Präis.

Zënter 2016 gëtt de Präis um europäesche Sommet zu Prag verginn. De Präis selwer gëtt vun der tschechescher Glasmanufaktur Preciosa produzéiert a vun der Kate Lopatko designt.[1] De Präis geet elo u Leit déi sech ëm d'europäesch Integratioun verdéngt gemaach hunn.[1]

Laureaten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 preciosabeauty.com: Prague European Summit (gekuckt den 9. September 2019)
  2. Institut fir international Bezéiungen Prag: “Vision for Europe” Award (17. Juni 2016)
  3. Résumé vum 2. Dag vum Europasommet zu Prag vum 19. bis 21. Juni 2018 Gearchiveerd op 2018-09-01. Gekuckt de(n) 2019-09-11.
  4. Remerciement-Ried vun der Emily O'Reilly