Wikipedia:WikiProjet Chamberwalen

Vu Wikipedia

Dëse WikiProjet soll virun allem emol dozou bäidroen, Biller vun den Deputéierten an der Chamber, sou wéi och vun aktuellen a fréiere Ministeren eropzelueden, fir d'Artikelen dozou z'llustréieren.

D'Walkampfperiod bréngt et mat sech dass vill vun hinnen op alle méiglechen Evenementer doruechter ze fanne sinn, sou dass Fotoe maachen net schwéier dierft sinn. Wa méiglech, schwätzt d'Persoun drop un, sot, dass Iech opgefall ass dass et op Wikipedia keng, keng rezent oder keng besonnesch gutt Foto vun hinne gëtt, a frot se, ob s'eppes dergéint hätt, datt Dir esou eng Foto maache géift. Déi mannst dierften nee soen.

No de Walen gëlt et wéi ëmmer, d'Artikele vun erëmgewielten oder net erëmgewielten Deputéierten op de leschte Stand ze bréngen, déi zu Neigewielten unzeleeën, deen iwwer d'Chamberwale vum 8. Oktober 2023 auszebauen, an dono och deen iwwer déi nei Regierung unzeleeën, souwéi déi vun den neie Ministeren unzeleeën oder unzepassen, an, am Fall wou, vun den ale Ministeren z'aktualiséieren.

Beispiller vu Biller, déi am Virfeld vun de Walen doruechter gemaach goufen[Quelltext änneren]

Nei Deputéiert vun deene mer nach kee fräit Bild hunn…[Quelltext änneren]