Claire Delcourt
| Claire Delcourt | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
23. Januar 1989 Diddeleng |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Biologin, Politikerin |
| Partei | LSAP |
| Fonctioun | Deputéiert |
|
| |
D'Claire Delcourt, gebuer den 23. Januar 1989 zu Diddeleng[1], ass eng lëtzebuergesch Biologin[2] a Politikerin (LSAP).
Formatioun a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Claire Delcourt schafft als Biologin bei der Police judiciaire.
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Claire Delcourt ass zanter 2016 Member an der LSAP a war dat Joer drop Kandidatin bei de Gemengewalen an der Gemeng Hesper. Si war Zweetgewielt fir hir Partei, koum awer net an de Gemengerot. Bei de Wale vun 2023 war si Spëtzekandidatin an der Gemeng Conter, wou si fir d'LSAP nees déi zweetmeescht Stëmme krut[3]. Wéinst der Incompatibilitéit mat hirer Plaz bei der Police, huet si d'Mandat net ugeholl[4].
2018 huet si eng éischt Kéier fir d'Chamberwale kandidéiert, gouf awer net gewielt. Bei de Walen duerno, den 8. Oktober 2023, gouf si am Bezierk Zentrum als Drëtt vun der LSAP, hannert dem Franz Fayot an der Francine Closener, an d'Chamber gewielt[5].
Privates
[änneren | Quelltext änneren]D'Claire Delcourt ass gepacst a Mamm vun engem Bouf.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- LSAP-Politikerin Claire Delcourt am Portrait, rtl.lu, 26.10.2023
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) ClaireDelcourt. www.chd.lu. Gekuckt de 27.10.2023.
- ↑ (fr) Candidats pour la première fois. paperjam.lu (07.07.2018). Gekuckt den 10.10.2023.
- ↑ (fr) Contern. elections.public.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
- ↑ (lb) Wie sinn d'Newcomer an der Chamber?. https://www.100komma7.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
- ↑ (fr) Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt den 11.10.2023.
