Wikipedia Diskussioun:Relevanz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, fir emol eng Säit ze hunn, op déi ee wann néideg ouni laang Gepoterts verweise kann (Se gouf e puermol undiskutéiert, ma bis ewell war keen dozu komm, se opzesetzen. Ech proposéieren, dass jiddereen nom Wikiprinzip bannet enger Woch ka Saache bäiflécken oder preziséieren, ier d'Critèren da gëllen. Wee mat eppes net averstanen ass, soll et ënnendrënner hischreiwen an eng Léisung proposéieren. Verschafft gouf hei ë.a. d'Diskussioun Wikipedia:De Staminee/Läschcritèren a verschidde fréier Diskussiounen um Staminee an op der Diskussiounssäit vun de Läschproposen.

D'Lëscht kann natierlech nach komplettéiert ginn, besonnesch a Beräicher, wou Zweifelsfäll optriede géiwen.

Ännnerungen an Ergänzunge kënnen gäer heidrënner diskutéiert ginn.

--Zinneke (Diskussioun) 01:14, 22. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]

PS: Bei Sportler war ech net terribel inspiréiert. Huet een eng Iddi? --Z.

Gutt Aktioun! Bei de Sportler do weess de Les Meloures, Robby an de Wolverène méi Bescheed. Wat mer och brauchen ass soe wien däerf an enger Läschpropos wielen a wien däerf just eng Meenung ofginn. --Soued031 (Diskussioun) 11:46, 22. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]


Gutt Propoposen, déi d'Manéier wéi mer d'Relevanz bis elo ouni Schrëftstéck applizéiert hunn erëmspigelt. --Les Meloures (Diskussioun) 20:33, 22. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]


now the special template similar to fr:Modèle:Admissibilité à vérifier, en:Template:Notability, is needed. --Wolverène (Diskussioun) 13:29, 23. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]

Averständnes mat dëse Critèren[Quelltext änneren]

Fir spéideren Diskussiounen aus de Féiss ze goen, wier, wéi bei eenzele Läsch-Proposen, eng Ofstëmmung nëtzlech, ob dës Critèrë bei der Wiki-Communautéit Zoustëmmung fannen. Wa jo, kinnt ee spéiderhin ouni laang Diskussioun bei Läschproposen dorop verweisen. Ännerungen/Ergänzunge sinn natierlech nach ëmmer méiglech, se sollen da vläit kuerz virdrun hei explizéiert a wann néideg approuvéiert ginn.

Ofstëmmung[Quelltext änneren]

Pro oder contra d'Relevanzcritèren wéi s'an der Versioun vun haut (24. Jan 2018) bestinn:

Blogger / Videoblogger[Quelltext änneren]

Bonjour, I'll be grateful if you explain which criteria could be used for bloggers/videobloggers? I would like to create some articles about popular Luxembourgian youtubers, but how should I/we evaluate their relevance? As journalists? actors? show hosts? by the presence of verification badge near nicknames?

The similar problem with authors of text blogs, which criteria for them? although they can be considered as amateur journalists, roughly speaking. But still what do you think? --Wolverène (Diskussioun) 16:11, 7. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

Hi Wolverène, could you give a few examples of "popular Luxembourgian Youtubers" to get an idea? Thanks! --Zinneke (Diskussioun) 22:31, 7. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]
Here's Top-250 YouTubers who inscribed Luxembourg as their home land (sometimes it's misleading info). Real examples are Théo Carmin a.k.a. Sylartichot (180K+ subscribers, French-speaking), the only YT Luxemburger with the verification badge; or DeviantArt artist Remarin (30K+ subscribers); or Duck Féiss (around 5.5K subscribers, but Luxembourgish-speaking). For right away, I can name only them (yet).
Anyway, my question is rather theoretical, of course I can't say which LUX youtubers are really "popular" among the locals.
See also RTL You. Is it kind of alternative video platform? Are they interesting for... anybody? then again I couldn't know --Wolverène (Diskussioun) 23:31, 7. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]
Thanks, in my opinion, this is all quite random and not very relevant. I didn't check though what the relevance criteria are on other Wikis regarding this type of activity. How do they define notority? How many suscribers/viewers minimum? If those guys would meet criteria somewhere else, we should accept them here as well.--Zinneke (Diskussioun) 16:23, 8. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]
I tried to find any relevance/notability criteria in (selected) big Wikipedias, and I found nothing special regarding bloggers. All that I can say for sure, is how it's managing in the ruwiki. Video bloggers are regarding there as show business persons, their relevance depends on commercial success rates (with accordance to reliable sources), opinion polls, independent journalistic opinion and repeated coverage of a person's life and activity in media or encyclopedias. The relevance of "text" bloggers are evaluating probably by the same criteria, because they are not journalists by local relevance criteria.
I also would like to propose my own criteria for Luxembourgers ('cause it's simple with foreigners, articles about them should only have an interwiki from a big project). It's not the ultimate truth, it's just how I see it. YouTubers - 1) more than 100.000 subscribers, which means they own (at least) a YT's Silver Button and/or 2) more than 10 mln views of videos. Vloggers outside YT - 1 mln+ views plus at least a single media coverage. Text (LJ, thumblr, twitter, ...) bloggers - 50.000 subscribers + significant media coverage.
I think it's all I can say... anyway I'm happy that I reminded about an important thing. :) --Wolverène (Diskussioun) 17:29, 8. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

Museker, Bands, Komponisten[Quelltext änneren]

Hallo,

  • Bei de Relevanzcritère fir Museker steet: "op d'mannst eng CD/EP déi ënnert deem Numm erauskomm ass". Dat mécht esou kee Sënn, well eng CD e Format ass, op deem Musek verëffentlecht gëtt, an eng EP een Typ vu Verëffentlechung.
  • Beim Typ ass et warscheinlech relevant, datt de Museker zumindest eng EP oder een Album verëffentlech huet, an net nëmmen eng Single. E puer Kënschtler sinn och méi op Singele "spezialiséiert" a relativ bekannt. Trotzdeem geet et da warscheinlech net duer, wa si nëmmen eng eenzeg Single verëffentlech hunn, et missten der schonn e puer méi sinn.
  • Hautdesdaags verëffentlechen déi meescht Kënschtler haaptsächlech an digitalem Format (déi Musek, déi een zum Beispill op iTunes kafen oder op Spotify lauschtere kann), an nëmmen nach niewesächlech a physeschem Format (CD, Vinyl, Kassett). Dowéinst géif ech d'Format als Relevanzcritère direkt fale loossen, well et net vill ausseet (eng Grupp kann och selwer 200 CD-Kopië vun hirer EP maache loossen).
  • Et ginn immens vill kuerzlieweg lëtzebuergesch Gruppen, déi iergendwann eng EP oder en Album verëffentlechen an déi si dacks selwer produzéieren. Mee oft huet déi Verëffentlechung keen Impakt: keng héich Verkafszuelen; keng Auskopplung, déi am Radio gespillt; net vill online gestreamt. Villäicht wier et besser, dowéinst een Deelrelevanzcritère op den Impakt ze setzen. Domat vermeide mir, datt all Schülerband, déi iergendwann eng Kéier en Album selwer produzéiert huet, en Artikel iwwer sech selwer schreiwen kann. Schwieregkeet: Den Impakt ass ëmmer immens schwéier ze definéieren a bléift ëmmer onkloer. Mee mir kënnen soen, dat wann eng Verëffentlechung sech (fir Lëtzebuergesch Verhältnesser) gutt verkaaft huet; relativ héich Streamingzuelen huet (gesäit een zB op Spotify); hir Museksclipe relativ vill gesi ginn (gesäit een op de Videoplatformen); oder Lidder vun hinnen an den Charts waren, dat ee gewëssen Impakt hat. An esou een Impakt léisst sech och eventuell op aner Manéiere justifiéieren. Jazz- oder Klassikmusiker z.B. kommen net an d'Radiocharts, mee wann hiren Album op engem etabléierten auslännesche Plackelabel verëffentlecht gouf, huet dat och ee gewëssen Impakt. Bei Jazz- a Klassikmuseker ass de Critère "Optrëtter op Festivallen oder bei eegestännege Concerten a Concertssäll/-halen" souwisou méi relevant. Den Impakt léisst sech dann och bei méi Underground-Kënschtler justifiéieren wéi bei Sun Glitters, deem seng Albumen vun renomméierten auslännesche Medien reviewt ginn (zB. am briteschen The Guardian.
  • Ech proposéieren, dat esou ze änneren: "op d'mannst een Album oder eng EP, oder mindestens dräi Singele verëffentlecht hunn, déi een Impakt an der lëtzebuergescher Musekszeen haten (z.B. Radiocharts, Streaming, Verkaf, Museksvideoviewen, etc.)"
  • Wa mir et esou formuléieren, da kann ech fir bal al Artikel vun engem Museker/Band, deen elo schonn op Wikipedia.lu steet, d'Relevanz argumentéieren.
  • Bdx (Diskussioun) 09:53, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Wann ech dat richteg verstinn géifs du d'Relevanz léiwer méi restriktiv oder wéinstens méi differenzéiert gesinn? --Les Meloures (Diskussioun) 10:24, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Et ass vläicht méi einfach fir dat an enger Vergläichstabell ze weisen déi dann der Allgemengheet ka fir eng Ofstëmmung proposéiert ginn. Bei verschiddene Publikatiounen misst ee vläicht dann och Referenzwäerter uginn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:24, 15. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Al Critèren Nei Critèren
op d'mannst eng CD/EP déi ënnert deem Numm erauskomm ass
Optrëtter op Festivallen oder
bei eegestännege Concerten a Concertssäll/-halen.
Member vun enger Band, déi déi Critèren erfëllt
Komponist vu Stécker, deen déi Critèren erfëllt