William Markowitz

Vu Wikipedia
William Markowitz
Gebuer 8. Februar 1907
Melč
Gestuerwen 10. Oktober 1998
Pompano Beach
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

De William Markowitz, gebuer den 8. Februar 1907 zu Melč an Éisträichesch-Schlesien a gestuerwen den 10. Oktober 1998 zu Pompano Beach a Florida war en US-amerikaneschen Astronom.

De Markowitz huet vun 1936 bis 1966 um U.S. Naval Observatory geschafft an huet vun 1953 bis 1966 deem säin Zäitdéngscht geleet. Säin Haaptinteresse louch bei der Äerdrotatioun an der Polbeweegung. Hien hat fir d'Bestëmmung vun der Ephemeridenzäit eng speziell Moundkamera gebaut. D'Vergläicher vun där mat dëser Kamera realiséierter astronomescher Ephemeridenzäitskala mat der physikalesch produzéierter Atomzäitskala vun den nei entwéckelten Caesium-Atomaueren huet zu der Definitioun vun der SI-Sekonn als 9.192.631.770 Schwéngunge vun där vun Caesium-Atomen emittéierter Stralung geféiert.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Markowitz Wm.: Photographic determination of the moon's position, and applications to the measure of time, rotation of the earth, and geodesy.
Astronomical Journal, Vol. 59, p. 69 (1954) (online)

Markowitz Wm.: Variations in rotation of the earth, results obtained with the dual-rate moon camera and photographic zenith tubes.
In: Dirk Brouwer, ed.: The Rotation of the Earth and Atomic Time Standards, IAU Symposium no. 11, Moscow, August 1958. Lancaster Press 1959, p. 26 (online)

Markowitz Wm.: International determination of the total motion of the pole.
In: Paul J. Melchior, ed.: The Future of the International Latitude Service; IAU Symposium #13 held in Helsinki, July 1960, p. 29-41 (online)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]