William Wallace Campbell

Vu Wikipedia
William Wallace Campbell
Gebuer 11. Abrëll 1862
Gestuerwen 14. Juni 1938
San Francisco
Doudesursaach Fall
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Michigan
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Philosophical Society, International Astronomesch Unioun, American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science, National Academy of Sciences

De William Wallace Campbell, gebuer den 11. Abrëll 1862 a gestuerwen de 14. Juni 1938 war en US-amerikaneschen Astronom.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf op enger Farm an Hancock County, am Ohio, als Jong vum Robert Wilson an Harriet Welsh Campbell gebuer. No der lokaler Schoul ass hien am Joer 1882 op d'Universéit vu Michigan gaangen an huet do fir Bauingenieur studéiert, an dee Studium 1886 mat engem Bachelor of Science ofgeschloss. Wärend der Universitéitszäit huet hie säi groussen Interessi fir d'Astronomie entwéckelt.

Nom Studium gouf hie Professer fir Mathematik op der Universéit vu Colorado, awer kuerz duerno goung hien nees zeréck an de Michigan als Chargé de cours an der Astronomie. 1891 gouf hie vum Lick-Observatoire a Kalifornien agelueden. Do war de Campbell e Pionéier vun der astronomescher Spektroskopie an huet och d'Radialvitesse vu Stären katalogiséiert huet. Hie gouf 1901 Direkter vum Lick Observatoire a blouf dat bis bis 1930.

Hie war och dräimol President vun der Astronomical Society of the Pacific (1895, 1909 an 1918). 1922 ass hie mat enger Ekipp an Australien gefuer, wou hien eng Sonnendäischtert fotograféiert huet. D'Resultater hu Beweiser fir dem Albert Einstein seng Relativitéitstheorie geliwwert. Vun 1923 bis 1930 war de Campbell President vun der University of California, a vun 1931 bis 1935 war hie President vun der National Academy of Sciences. Gläichzäiteg huet en och, vun 1923 bis 1926, fir de Wëssenschaftskuratorium, haut bekannt als Society for Science, geschafft.

Am Alter vu 76 Joer hat hie sech zu San Francisco duerch e Sprong aus enger Fënster vum véierte Stack d'Liewe geholl. Hie war hallef blann an hat un Aphasie gelidden. Well dat hie vill belaascht huet an hie senger Famill net ze vill Aarbecht wollt maache, hat hien de Fräidoud gewielt.

1892 hat de Campbell d'Elizabeth Ballard Thompson bestuet. Si haten dräi Jongen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Ausserdeem war de Campbell auswäertege Member vun der Royal Society of London.
Weider goufen e Krater um Mars an en Asteroid (2751) Campbell no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]