Wemperhaart
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wemperhaart | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Wemperhardt de: Wemperhardt |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Wäiswampech |
Buergermeeschter | Néckel Polfer |
Awunner | 23[1] |
31.12.2020 | |
Héicht | 530 m |
Koordinaten |
50° 09’ 21’’ N 06° 03’ 06’’ O |
D'Wemperhaart[2] (lokal och Wämperhaart) ass eng Uertschaft[2] an der Gemeng Wäiswampech.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Wemperhaart läit op der Nordstrooss (N7), nordwestlech vu Wäiswampech. D'Uertschaft zitt sech iwwer e gudde Kilometer vum Flouer „an der Haart“ bis op d'Grenz mat der Belsch, wou d'N12 déi vu Wilwerdang erop kënnt, op d'N7 stéisst. Als Verlängerung vun der N12 leeft déi belsch N62 op Sankt Väit iwwerdeems d'N7 op d'Schmëdd viru geet.
De gréissten Deel vun der Uertschaft läit op enger Héicht vu 509 m am Flouer „an der Haart[3]“ wou et eng Rei Akafszentren a Bensinnsstatioune gëtt. Dee méi klengen Deel vun der Uertschaft läit op 530 m ronderëm de Rond-point N7 / N12. Do stinn stinn e puer eenzel Haiser an och nach Butteker a Pompelstatiounen.
Ursprong vum Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm Wämperhaart setzt sech zesummen aus Wämper, wéi d'Awunner vu Wäiswampech, Uewer- oder Nidderwampech genannt ginn an Haart (och nach Haardan Hardt), engem Bësch oder enger Héicht déi mat Bësch bewuess ass[4].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wemperhaart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Wäiswampech
- Claude Faber, Flouernimm - Wemperhaart op 100komma7.lu de 5. August Juli 2020, gekuckt de 17. August 2020
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Habitants par localité. www.weiswampach.lu (31.12.202). Gekuckt de(n) 04.07.2021.
- ↑ 2,0 2,1 Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 05.07.2021.
- ↑ Postadresse sinn „op der Haart“
- ↑ cf. Claude Faber, Um Spaweck