Zousazschëld Modell 1
Ausgesinn
Nëmme fir verschidde Benotzer oder Gefierer | |
Bezeechnung | Modell 1 |
---|---|
Kategorie | Zousazschëld |
Land | Lëtzebuerg |
De Modell 1 ass en Zousazschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat ugëtt, datt d'Schëld ënner deem et hänkt nëmme fir déi Kategorië vu Benotzer oder Gefierer gëllt, déi als Symbol oder Opschrëft ugi sinn.
D'Illustratiounen hei drënner si Beispiller vum Modell 1:
D'Schëld gëllt nëmme fir:
-
motoriséiert Gefierer wann hiert maximal zougeloosse Gesamtgewiicht net méi héich ass wéi de Wäert deen uginn ass…
-
motoriséiert Gefierer wann hiert maximal zougeloosse Gesamtgewiicht net méi héich ass wéi de Wäert deen uginn ass, a fir Bussen…
-
Gefierer déi fir de Giddertransport bestëmmt sinn an hiert maximal zougeloosse Gesamtgewiicht méi héich ass wéi de Wäert deen uginn ass…
-
Wunnmobiler…
-
Elektresch Gefierer oder elektro-hybrid Gefierer déi un d'Opluetstatioun ugeschloss sinn[1].
Originaltext aus dem Code de la route
[änneren | Quelltext änneren]Artikel 107 – IX. Symboles et inscriptions additionnels[2]
« 2.1. Le modèle 1 indique que le signal qu'il complète n'est applicable qu'à la ou les catégories d'usagers ou de véhicules dont il porte le symbole ou l'inscription. Les illustrations ci-après sont des exemples du modèle 1.Le signal n'est applicable qu'aux
- véhicules automoteurs dont la masse maximale autorisée ne dépasse pas la masse indiquée;
- véhicules automoteurs dont la masse maximale autorisée ne dépasse pas la masse indiquée et aux autobus
- véhicules destinés au transport de choses et dont la masse maximale autorisée dépasse la masse indiquée;
- motor-homes;
- véhicules automoteurs électriques et véhicules automoteurs électriques hybrides raccordés au point de recharge. »
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Zousazschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ agefouert mam Règlement grand-ducal du 25 juillet 2015 modifiant l’arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques
- ↑ (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.