Zousazschëld Modell 10
Kategorie vu geféierleche Gidder | |
Bezeechnung | Modell 10 |
---|---|
Kategorie | Zousazschëld |
Land | Lëtzebuerg |
ageféiert | 19. Dezember 2020 |
De Modell 10 ass en Zousazschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat ënner de Schëlter C, 3n an D,12 kann ubruecht ginn. Um Zousazschëld sinn d'Buschtawe B, C, D oder E drop fir unzeginn, datt den Accès an en Tunnel vun de Kategorie B, C, D oder E verbueden ass. D'Kategorië vun den Tunnelle sinn an der Annex A vum europäeschen Accord iwwer den internationale Stroossentransport vu geféierleche Gidder festgehalen ((fr) Accord européen relatif au transport international des marchandises dangereuses par route (ADR))[1]
D'Illustratiounen hei drënner si Beispiller vum Zousazschëld Modell 10:
Originaltext aus dem Code de la route
[änneren | Quelltext änneren]Artikel 107 – IX. Symboles et inscriptions additionnels[2]
« 2.10. Le modèle 10, qui peut compléter les signaux C,3n et D,12, peut porter la lettre B, C, D ou E pour indiquer que le signal qu'il complète s'applique aux véhicules transportant des marchandises dangereuses dont l'accès est interdit respectivement dans les tunnels de catégorie B, C, D ou E, telles que ces catégories sont prévues par l'article 1.9.5.2 de l'annexe A de l'accord européen relatif au transport international des marchandises dangereuses par route (ADR) fait à Genève le 30 septembre 1957. »
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]Am ADR-Accord sinn d'Tunnellen a fënnef Kategorien agedeelt[1]:
Kategorie | Restriktioun·en | Originaltext aus dem ADR-Accord |
---|---|---|
A | keng Restriktioun | Aucune restriction au transport de marchandises dangereuses |
B | Restriktioun fir den Transport vu geféierleche Gidder déi eng ganz grouss Explosioun verursaache kënnen | Restriction au transport des marchandises dangereuses susceptibles de provoquer une explosion très importante |
C | … eng ganz grouss Explosioun, eng grouss Explosioun oder eng bedeitende Fuite vu gëftege Materialien verursaache kënnen | Restriction au transport des marchandises dangereuses susceptibles de provoquer une explosion très importante, une explosion importante ou une fuite importante de matières toxiques |
D | … eng ganz grouss Explosioun, eng grouss Explosioun oder eng bedeitende Fuite vu gëftege Materialien oder e grousst Feier verursaache kënnen | Restriction au transport des marchandises dangereuses susceptibles de provoquer une explosion très importante, une explosion importante ou une fuite importante de matières toxiques ou un incendie important |
E | Restriktioun fir den Transport vu all geféierleche Gidder, mat Ausnam vu bestëmmte radioaktive Matièren a klineschem Offall | Restriction au transport de toutes les marchandises dangereuses sauf les numéros ONU 2919[3], 3291[4], 3331[5], 3359[6] et 3373[7], et au transport de toutes marchandises dangereuses selon les dispositions du chapitre 3.4 si les quantités sont supérieures à 8 tonnes de masse brute totale par unité de transport |
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
De Code "E" um Zousazschëld gëtt un, datt den Accès an den Tunnel fir all geféierlech Gidder verbueden ass, mat Ausnam vu bestëmmte radioaktive Matièren a klineschem Offall.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Zousazschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 CHAPITRE 1.9 RESTRICTIONS DE TRANSPORT PAR LES AUTORITÉS COMPÉTENTES – 1.9.5 Restrictions dans les tunnels
- ↑ (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
- ↑ Matières radioactives transportées sous arrangement spécial, non fissiles ou fissiles exceptées
- ↑ Déchet d'hôpital non spécifié, N.S.A. ou déchet (bio)médical, N.S.A. ou déchet médical réglementé, N.S.A.
- ↑ Matières radioactives transportées sous arrangement spécial, fissiles
- ↑ Engin de transport sous fumigation
- ↑ Matière biologique, catégorie B