Op den Inhalt sprangen

Zoustänn: Zeitung fir fräi Expressioun

Vu Wikipedia
Zoustänn: Zeitung fir fräi Expressioun
Éischt Ausgab 1981
Lescht Ausgab 1982
Land Lëtzebuerg
Sujeten Gesellschaftlech Theemen


Zoustänn: Zeitung fir fräi Expressioun war den Titel vun enger lëtzebuergescher Zäitschrëft, vun där tëschent 1981 an 1982 fënnef Nummeren erauskoumen.[1]

Et gi Bäiträg op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch. D'Zäitschrëft war am DIN A4-Format an 'op der Hand' gemaach, mat hektographéierte Säiten, an op der Schreifmaschinn getippten Texter, déi zesummegepecht goufen. D'Säitenzuel huet tëschent 36 an 48 Säite variéiert, d'Oplo louch bei héchstens enger 500 Exemplairen.

D'Zäitschrëft huet gesellschaftlech Theemen ugeschwat wéi Sexualerzéiung, d'Anti-Atom-Beweegung, d'Fra an der Gesellschaft, d'Zerstéierung vun der Natur, net aartgerecht Déierenhaltung, Dyslexie oder d'Liewen am Stadgronn. Et gouf Gedichter, Kulturrezensiounen, a Comicken.

Mataarbechter waren ë. a. den Historiker Lucien Blau, de Filmregisseur Paul Cruchten, den Dokter Aender Glod, de Museker Roby Glod, d'Schrëftsteller Gast Groeber a Robert Gollo Steffen, de Filmhistoriker Paul Lesch, de Fotograf Philippe Matsas, d'Filmregisseurin Bady Minck, de Museker Sergio Tordini, den Zeechner Carlo Schneider, oder d'Kënschtlerin Nathalie Zlatnik.

Zoustänn huet no fënnef Nummeren opgehalen, erauszekommen, well déi meescht Auteuren doruechter am Ausland op der Uni waren, wat Koordinatioun an Editioun erschwéiert huet.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Charlotte Ziger: "Zoustänn: Zeitung fir fräi Expressioun." Objet du mois, 28/11/2018, op cnl.public.lu; gekuckt 2022-08-21.