Ëtteng
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Thionville | ||||
Kanton | Algrange | ||||
Postcode | 57650 | ||||
Gemengecode | 57411 | ||||
Koordinaten | 49° 26’ 35’’ N 06° 01’ 09’’ O | ||||
Fläch | 1.548 ha | ||||
Bevëlkerung | 2.590 (2005) | ||||
Fläch | 797 ha | ||||
Bevëlkerung | 315 (2005) |
Ottange (Ëtteng op Lëtzebuergesch) ass eng franséisch Stad a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg. Grad wéi de lëtzebuergeschen Nopeschuert Rëmeleng ass Ëtteng markéiert duerch d'Exploitatioun vun de Minettsvirkommen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Minièren zu Ëtteng.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'éischt Kéier gëtt Ëtteng am Joer 1051 als Ottingin ernimmt. Vum 13. bis d'18. Joerhonnert war d'Herrschaft iwwer Ëtteng an den Hänn vun der Famill vun Eltz, an duerno vun Hunolstein.
De Christophe vun Eltz hat 1518 den éischten Héichuewen do baue gelooss.
D'Par Nonkeel huet fréier zum Äerzbistum Tréier gehéiert.
1812 geet d'Gemeng Nonkeel an Ëtteng op. Ufank vum 19. Joerhonnert ass déi lescht Buerg no engem Brand als Steebroch benotzt ginn. Wat nach dovun iwwereg war ass de 16. Februar 1930 als Baudenkmal klasséiert ginn.
Wéi an der Mëtt vum 19. Joerhonnert d'Minett erëmentdeckt gouf, ass eng Galerie no där anerer an de Fiels gedriwwe ginn. Un Dagebau war net wierklech ze denken, well duerch den Ëttenger Spronk d'Minnette méi déif louch wéi nach zu Rëmeleng. Ganz ënnerierdesch Stied si gegruewe ginn, aus Profitgier och ënner den Duerfkär vun Ëtteng selwer, op d'Gefor hin datt ganz Haiser riskéieren, op ee Coup am Buedem ze verschwannen. Déi ofgebaut Minett ass mat enger Minettseelbunn vun 12,7 Kilometer Längt op d'Déifferdenger Schmelz gefouert ginn.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Iwwer de Wope vun Ëtteng gouf de 4. November 1955 an der Gemeng ofgestëmmt.
Op Avis vun der commission héraldique départementale vum 17. Mee 1956 huet de Prefect vum Departement den 12. Juli 1956 de Wopen accordéiert.
Beschreiwung am Originaltext:
D'or à deux marteaux de sable, à l'écu en coeur de gueules, à l'aigle d'or couronné d'azur.
Nopeschuertschaften
[änneren | Quelltext änneren]- a Frankräich: Nondkeil a Wuelmereng
- zu Lëtzebuerg: Rëmeleng
Jumelagen
[änneren | Quelltext änneren]Als Erënnerung un d'Evakuatioun vun den Ëttenger am Zweete Weltkrich huet d'Gemeng mat deene Gemengen, déi deemools déi Ëttenger Leit opgeholl hunn, den 10. Oktober 1989 eng Charte d'amitié ënnerschriwwen.
Et sinn dat:
Angliers - Moncontour - Saint-Jean-de-Sauves - Messais - Ouzilly - Vignolles - Saint-Chartres
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Uergel an der Kierch vun 1869 gebaut vun der Uergelmanufaktur Dalstein-Haerpfer, an 1912 vun der selwechter Firma ëmgebaut.
- D'Kierch vu 1759 mat der Krypta an där Membere vun der Famill Hunolstein bäigesat sinn, an d'Reliquië vun der helleger Lucie.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Cortesi, O. Ottange-Nondkeil, chroniques historiques, Fensch Vallee, 2005
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle