Bourse vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Bourse de Luxembourg
Logo vun der Lëtzebuerger Bourse
Typ Aktiegesellschaft (S.A.)
Grënnungsdatum 30. Dezember 1927
Sëtz 35A Boulevard Joseph-II
L-1840 Lëtzebuerg
Leedung Alain Kinsch (President CA)
Julie Becker (CEO)
Branche Bourse
Homepage www.bourse.lu


D'Bourse vu Lëtzebuerg, offiziell Bourse de Luxembourg[1],[2],[3], op Englesch Luxembourg Stock Exchange, gekierzt LuxSE ass eng Wäertpabeierbourse zu Lëtzebuerg. Se huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufank[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Bourse gouf duerch e Gesetz vum 30. Dezember 1927[4] an e groussherzoglechen Arrêté vum 22. Mäerz 1928[5] geschaf.

D'Société anonyme vun der Bourse de Luxembourg gouf de 5. Abrëll 1928, mat 7.000 Aktien zum Präis vun 1.000 Frang gegrënnt[6][7]. Ursprénglech war geplangt, datt d'Bourse am Oktober 1928 sollt opgoen[8].

Den 1. Februar 1929 gouf déi éischt Lëscht vun den agreéierte Banken, Banquieren an Händler, déi duerften op der Bourse handelen, publizéiert[9][10][11]. Den 9. Mäerz gouf déi éischt Lëscht vun de Valeuren (Aktien an Obligatiounen), déi op der Bourse gehandelt wäerte ginn, publizéiert[12][13][14] Den 3. Mee 1929 gouf bekannt, datt d'Bourse zesumme mat der Spuerkeess eng Liquidatiounkeess ageriicht huet, an datt déi Banken, Banquieren an Händler, déi op der Bourse fir den Handel zougelooss sinn, mussen e Kont bei der Spuerkeess hunn, fir hir Transaktioune vun der Bourse ofzewéckelen.

D'Bourse gouf schlussendlech de 6. Mee 1929 opgemaach[15]. Bei der éischter Sessioun waren 22 kotéiert Gesellschaften dobäi. De Sëtz war op Nummer 11, an der Neipuertsgaass.

D'Bourse am 21. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Den aktuelle Sëtz vun der Bourse um Boulevard Joseph-II

Am Januar 2014 ass d'Bourse an en neit Gebai geplënnert an ass elo op 35A, Boulevard Joseph II.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Lëtzebuerger Bourse ass an der Cote vun Obligatiounen an Investmentfongen (OPC) spezialiséiert. 2005 ware 24.292 Emprunten op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert. D'Hallschent dovu sinn an Euro ausgedréckt. Hiren Ëmsaz huet 2000 4.591,3 Milliounen Euro erreecht, mat engem Undeel vun 73 % vun den Emprunten, déi an Euro libelléiert sinn. Et ginn och Aktië cotéiert (242 Positiounen am Joer 2004, dovu 44 Aktië vu Lëtzebuerger Gesellschaften). D'Lëtzebuerger Bourse publizéiert en eegenen Index, de LuxX.

2016 huet d'Bourse de Luxembourg de Luxembourg Green Exchange (LGX) gegrënnt, weltwäit déi éischt Plattform, déi sech exklusiv mat ekologeschen, sozialen an nohaltege Finanzzoulage befaasst[2].

Zënter Abrëll 2021 leet d'Julie Becker als Chief Executive Officer (CEO) d'Lëtzebuerger Bourse[16].

Am August 2021 war d'Lëtzebuerger Regierung nach mat 12 % un der Bourse vu Lëtzebuerg bedeelegt[2].

E puer Meilesteng[änneren | Quelltext änneren]

Presidente vum Verwaltungsrot[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bourse vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ursprénglech gegrënnt als Société anonyme de la Bourse de Luxembourg (cf Art. 2 vum AGD vun 1928)
  2. 2,0 2,1 2,2 Presentatioun vun der Lëtzebuerger Bourse op der Säit vun der Regierung (gekuckt de 16. August 2021)
  3. am Handelsregëster ënnert der Nummer B6222 agedroen
  4. Loi du 30 décembre 1927 concernant la création d'une bourse de commerce. - Legilux. legilux.public.lu (30.12.1927). Gekuckt de(n) 11.05.2022.
  5. Arrêté grand-ducal du 22 mars 1928 portant règlement d'exécution de la loi du 30 décembre 1927, concernant la création d'une bourse de commerce. - Legilux. legilux.public.lu (22.03.1928). Gekuckt de(n) 11.05.2022.
  6. Mémorial A N° 22 vum 28. Abrëll 1928 Säit 19
  7. Aus der Hauptstadt an der Obermosel-Zeitung vum 12. Abrëll 1928, Säit 3
  8. Lokal Chronik am Luxemburger Wort vum 7. Abrëll 1928, Säit 3
  9. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Luxemburger Wort vum 6. Februar 1929, Säit 3
  10. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am L'Indépendance luxembourgeoise vum 7. Februar 1929, Säit 3
  11. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Escher Tageblatt vum 7. Februar 1929, Säit 3
  12. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Luxemburger Wort vum 9. Mäerz 1929, Säit 5
  13. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am L'Indépendance luxembourgeoise vum 9. Mäerz 1929, Säit 2
  14. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Tageblatt vum 11. Mäerz 1929, Säit 5
  15. Die Eröffnung der Luxemburger Börse am Luxemburger Wort vum 6. Mee 1929, Säit 3
  16. paperjam.lu: Julie Becker nommée CEO de la Bourse de Luxembourg (8. Dezember 2020)
  17. 17,0 17,1 Société de la Bourse de Luxembourg am Tageblatt vum 22. März 1948, Säit 2
  18. Record results and new Chairman. www.bourse.lu (11.05.2022). Gekuckt de(n) 11.05.2022.