Carl Keenan Seyfert

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Carl Keenan Seyfert, gebuer den 11. Februar 1911 zu Cleveland, Ohio a gestuerwen den 13. Juni 1960 zu Nashville war en US-amerikaneschen Astronom.

De Carl Seyfert koum als Jong vun engem Apdikter op d'Welt. Nom Enn vu senger Schoulzäit huet hien 1936 op der Harvard Universitéit e Medizinstudium ugefaangen. Kuerz duerno huet hien dann zur Astronomie iwwergewiesselt, wou hien de Bachelor-, de Master- (1933) a schlussendlech 1936 den Doktorgrad an der Physik krut. Seng Dissertatioun huet sech mat Studien iwwer Galaxien déi wäit ewech leien (en. Studies of the External Galaxies) beschäftegt a sech op Faarwen a Gréisste vu Galaxië konzentréiert.

1935 bestit hien d'Muriel E. Mussells. Aus dem Bestietnes goungen déi béid Kanner Carl Keenan Jun. a Gail Carol Seyfert ervir.

D'Circinusgalaxis, eng Typ-2-Seyfertgalaxis

1936 bedeelegt hie sech um Konzept vum Yerkes-Observatoire, fir en neien Observatoire opzebauen. An de folgende Jore war hie bei dësem neie McDonald Observatoire beschäftegt. Während där Zäit fuerscht hie mam Daniel Popper un den Eegeschafte vu Stäre mat der Spektralklass B, huet awer dobäi net d'Ënnersich vu Faarwe vu Spiralgalaxien aus den Ae verluer.

Vu 1940 bis 1942 huet hien um Mount-Wilson-Observatoire, als Éischte, Fuerschungen iwwer nuklear Emissioune vu Spiralgalaxië gemaach. 1943 huet hien eng Aarbecht iwwer Galaxiën mat hellem Kär déi Liicht ofginn an déi charakteristesch breet Spektrallinne weisen, publizéiert. Galaxië vun där Zort ginn zënterhier als Seyfertgalaxië bezeechent. Prominentest Beispill fir sou eng Seyfertgalaxis ass de Messier 77 (NGC 1068), déi de Seyfert selwer entdeckt hat. 1942 gouf hien wéinst dem Zweete Weltkrich op Cleveland zréckgeruff, fir do um Case-Institut, Navigatioun fir Arméiseenheeten ze léieren a geheim Militärfuerschung ze bedreiwen. Trotz dem Krich huet hien et fäerdeg bruecht, sech niewebäi mat der Astronomie ze beschäftegen. Seng Observatiounen hu sech haaaptsächlech mat Stären a Niwwelen an der Andromedagalaxie (M31) a mat stellare Spektre befaasst. Ausserdeem konnt hie mat Kollegen fir d'éischt gutt faarweg Fotoe vun Niwwelen a Spektre maachen.

Nom Krich goung de Seyfert op d'Vanderbilt Universitéit zu Nashville, Tennessee. Zu där Zäit hat d'Universitéit nëmmen de klenge Barnard-Observatoire, dee mat engem 15-Zentimeter-Refrakter equipéiert war, mat deem schonns den Edward Emerson Barnard geschafft hat. A wéinege Joren huet de Seyfert et da fäerdeg bruecht fir am Joer 1953 mat Ënnerstëtzung vun der Stad Nashville den neien Arthur-J.-Dyer-Observatoire mat engem moderne 60-Zentimeter-Refrakter opzeriichten. Hie gouf dunn Direkter an hat déi Plaz bis zu sengem Liewensenn. Seng Fuerschunge beschäftegte sech mat stellarer a galaktescher Astronomie genee sou wéi mat neien Instrumententechniken.

Hie war vun 1955 bis 1958 am Komitee vun der American Astronomical Society. Hie war ausserdeem och Member vun der Royal Astronomical Society, vun der Associated Universities Incorporated a vun der Association of Universities for Research in Astronomy (AURA) souwéi vun der National Science Foundation (NSF).

Den 13. Juni 1960 koum de Carl Seyfert am Alter vun nëmmen 49 Joer bei engem Autosaccident zu Nashville ëm d'Liewen.

1970 gouf de Moundkrater Seyfert no him genannt. Ausserdeem dréit de 60-cm-Teleskop am Dyer-Observatoire säin Numm. Weiderhin erënnert eng Galaxisklass, d'Seyfertgalaxien, souwéi e Galaxiëkoup ëm den NGC 6027 mam Numm Seyferts Sextett, deen hie während senger Zäit an der Vanderbilt-Universitéit entdeckt hat, u seng Verdéngschter ëm d'Astronomie.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie