Capitani

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) De Bësch)
Capitani
Serie
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2019
2022
Dauer 2 x 12 x ± 26'
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Follgen 12 (1. Saison)
12 (2. Saison)
Éischt Folleg 2019
Episoden 24
Ekipp
Iddi Thierry Faber
Regie Christophe Wagner
Produzent Samsa Film
Schauspiller

Luc Schiltz als Luc Capitani
Sophie Mousel als Elsa Ley
Brigitte Urhausen als Carla Pereira
Konstantin Rommelfangen als Steve Weis
Jil Devresse als Tanja/Jenny Engel
Joé Dennenwald als Joe Mores

Nëmmen éischt Saison
Claude De Demo als Nadine Kinsch
Jules Werner als Mick Engel
Julie Kieffer als Manon Boever
Timo Wagner als Frank Ferrone
Roland Gelhausen als Jim Boever
Max Gindorff als Jerry Kowalska
Désirée Nosbusch als Diane Bonifas
Pierre Bodry als Claude Glodt
Luc Feit als Usch Trierweiler
Nicole Max als Christiane Ley
Raoul Schlechter als Rob Berens
Marc Limpach als Gérard Gaspard
Jean-Paul Maes als Jean-Pierre Weyrich
Jemp Schuster als Pierre Rommes
Esther Gaspart Michels als Léa Holmes
Al Ginter als Majouer Majerus
Josiane Peiffer als Mady Berens
Michel Tereba als Sergent Goedert
Gabriel Boisanté als Papp vum Lea Holmes
Anne Klein als Serveuse
Renelde Pierlot als Infirmière
Monique Reuter als Madame Kons
Jules Waringo als Militaire de garde
Matteo Wolf als Tun[1]

Nëmmen zweet Saison
André Jung als Gibbes König
Edson Anibal als Lucky Onu
Tommy Schlesser als Arthur König
Adrien Papritz als Dominik Draga
Edita Malovčić als Valentina Draga
Marie Jung als Jeanne Capitani
Mickey Hardt als Marc Diederich
Larisa Faber als Pascale Cojocaru
Philippe Thelen als Toni Scholtes
Lydia Indjova als Bianca Petrova
Jennifer Heylen als Grace Onu
Hana Sofia Lopes als Maria
Irene Masiku als Queen
Magaly Teixeira als dem Grace seng Matbewunnerin
Mola d'Almeida als Kashka
Paul Robert als dem Arthur säi Bodyguard
Jean-Louis Humbert als Rausschmeisser
Freddy Djanabia als Monday
Fabio Godinho als Pedro
Alexandre Hornbeck als Ludovic
Nilton Martins als Augusto Albuquerque
Céline Camara als Stella Abasi
Charlotte Woolfe als Khristina
Christophe Wagner als Comptabel
Garba Aboudalaye
Raoul Albonetti ...

Capitani ass eng lëtzebuergesch Televisiounsserie vum Thierry Faber (Iddi), Eric Lamhène a Christophe Wagner (Co-Zeenaristen). Déi éischt Saison gouf am Summer 2018 ënner der Regie vum Christophe Wagner, dunn nach mam Aarbechtstitel De Bësch, gedréint.

Se gouf eng éischt Kéier tëscht dem 1. Oktober an dem 17. Dezember 2019 op RTL Tele Lëtzebuerg gewisen. Zanter dem 11. Februar 2021 ass se weltwäit op Netflix ze gesinn[2]. Dofir gouf se ë. a. op Englesch, Franséisch, Spuenesch an Däitsch synchroniséiert, an an enger Dose Sproochen ënnertitelt.

Déi zweet Saison gouf tëscht dem 15. Mäerz an dem 24. Juni 2021, och ënner der Regie vum Christophe Wagner, gedréint. Si gouf vum 22. Februar 2022 bis den 29. Mäerz 2022 op RTL Tele Lëtzebuerg gewisen a war dono bis den 12. Juni 2022 op RTL Play am Replay ze gesinn[3]. Zanter dem 8. Juli 2022 ass och si op Netflix ze gesinn[4].

Ëm wat geet et an der Serie?[änneren | Quelltext änneren]

1. Saison[änneren | Quelltext änneren]

Haaptpersonnage ass de Luc Capitani, en Inspekter vun der Police judiciaire aus dem Süde vum Land. An der éischter Saison ass hien aus private Grënn am Éislek, zu Mënscht (Manscheid), wéi e sur place ugestallt gëtt, de Muerd un engem Meedchen, dem Jenny Engel, ze léisen, dat dout am Bësch fonnt gouf. Fir d'Enquête steet him déi jonk Polizistin Elsa Ley zur Säit, déi vun do aus der Géigend kënnt. Séier ginn d'Enquêteuren an eng komplizéiert Intrig verwéckelt, wou alles nëmme Schäin ass an all Duerfbewunner méi weess, wéi wat en erziele wëll. An dann ass do nach eng al Affär vu viru 15 Joer, mat där e stënterlech konfrontéiert gëtt…

D'Geschicht spillt bannent 8 Deeg, a gëtt gréisstendeels chronologesch erzielt (bis op e puer Réckblenden an der leschter Episod).

2. Saison[änneren | Quelltext änneren]

De Luc Capitani gëtt no 3 Joer aus dem Prisong entlooss. Dat allerdéngs ënnert enger Konditioun: hie soll undercover den Nuetsmillieu vum Garer Quartier an der Stad infiltréieren.[5] Nom Muerd un enger Prostituéierter gëtt hie vun der Cabaretsbesëtzerin Valentina Draga engagéiert, fir no hire Meedercher ze kucken. Gläichzäiteg ermëttelt d'Elsa Ley am Drogemilieu vun der Stater Gare, wou eng nei Band aus Nigeria am Gaang ass, sech breetzemaachen. Séier mierken déi zwéin, dass et bei hire Fäll Iwwerschneidunge ginn, an dass se zesummeschaffe mussen, ouni sech oder hir Aarbecht a Gefor ze bréngen...

Episoden[änneren | Quelltext änneren]

1. Saison[änneren | Quelltext änneren]

Episod Éischt Ausstralung Ëm wat geet et?
1 Oh Du, do uewen 1. Okt. 2019 An engem Bësch am Éislek gëtt d'Läich vum Jenny Engel, engem 15 Joer ale Meedche aus dem Nopeschduerf fonnt. Den Inspekter Luc Capitani iwwerhëlt d'Enquête a gëtt gewuer, datt och d'Zwillingsschwëster Tanja verschwonnen ass…
2 A sengem donkle Bëscherkranz 8. Okt. 2019 De Suizid vum Stéifpapp mécht aus him en Haaptverdächtegen. De Luc Capitani an déi jonk Polizistin Elsa Ley enquêtéieren hirersäits iwwer méiglech Drogeproblemer am Jenny sengem Lycée…
3 Aus der Kannerzäit, aus der Kannerzäit 15. Okt. 2019 D'Polizistin Ley fënnt eraus, datt probéiert gouf, de Stéifpapp als Schëllegen duerzestellen. Den Inspekter Capitani ënnersicht nach eng Kéier d'Plaz wou d'Jenny fonnt gouf. Hie gleeft net, datt hatt vum Fiels gefall ass…
4 Kee Schlof méi fir d'Aen, kee Friden méi fir d'Hierz 22. Okt. 2019 D'Tanja Engel, dem Jenny seng Zwillingsschwëster, ass nees opgedaucht. Mä et bestinn Zweiwelen u senger Erklärung, wou et war. Iwwerdeems gëtt am Gemengerot de Buergermeeschter vun der neier Fusiounsgemeng bestëmmt...
5 Déi Friem, déi mussen 't agestoen 29. Okt. 2019 D'Enquête vum Capitani ergëtt datt d'Jenny dacks mat jonken Zaldoten zesumme war. Iwwerdeems gëtt den Direkter vum Lycée zou, datt si den Drogen net méi Meeschter gi sinn, an datt de Stéifpapp en Deel vum Problem war…
6 Souwäit vu mir, sou wäit! 5. Nov. 2019 D'Zwillingsschwëster Tanja behëlt sech ëmmer méi komesch, evitéiert seng bescht Frëndin Léa a verléisst säi Frënd. Den Inspekter an d'Polizistin gi gewuer datt zwéi Sexualverbriecher an der Géigend liewen…
7 An ech weess vun Tréin a Leed 12. Nov. 2019 Den Inspekter Capitani gouf mat engem Kichelchen drogéiert, fält schwaach an erwächt am Bësch. Do entdeckt hien ee verstoppte Chalet, deen hien intrigéiert. Iwwerdeems fënnt d'Ley eraus, wiem dee Knapp gehéiert, deen et engem vermummte Verdächtegen op der Plaz vun der Dot erofgerappt hat an de Capitani kritt Besuch vun enger Inspektesch vun der Inspection générale de la police
8 A wéi schéin déi gëllen Dreem 19. Nov. 2019 De Capitani an d'Ley versichen erauszefannen, wéi eng Roll de Chalet an deem Drogereseau spillt. D'Manon Boever, d'Bäckeschmeedchen, schéngt méi domat ze dinn hunn, wéi hatt wëll zouginn…
9 Voll Vertraue wor mäin Hierz 26. Nov. 2019 De Capitani huet ewell Gewëssheet, wat mam Tanja lass ass. E Bréif vum Stéifpapp daucht op, an deem hien de Grond ugëtt, firwat hie sech d'Liewe geholl huet. D'Ley fënnt hirersäits eraus, datt d'Manon an enkem Kontakt mat engem gewësse 'Petz' steet an am Zaldotecamp fänken d'Lompen un ze sténken …
10 Ech wousst näischt vun Tréin a Schmierz 3. Dez. 2019 Den Inspekter Capitani gëtt vu senger Vergaangenheet ageholl a gëtt selwer verhéiert. Mee d'Enquête leeft virun an d'Bäckeschmeedche Manon erzielt endlech wat wierklech owes am Chalet gelaf ass…
11 An d'Broscht voll däischter Nuecht 10. Dez. 2019 Am Chalet verstoppe sech déi jonk Zaldoten, déi gesicht ginn. D'Polizistin Elsa Ley probéiert eleng z'intervenéieren, bis d'Tanja op eemol opdaucht. Och de Mick Engel an de Steve Weis kommen derbäi; et kënnt zu enger Schéisserei…
12 Et wor op engem schéinen klore Summerdag [sic] 17. Dez. 2019 De Mick Engel an de Steve Weis erzielen ënnerschiddlech Versioune vun deem wat an der Nuecht am Bësch soll geschitt sinn. De Capitani versprécht dem Elsa d'Wouerecht erauszefannen…

2. Saison[änneren | Quelltext änneren]

Episod Éischt Ausstralung Ëm wat geet et?
1 An den Aen 22. Feb. 2022 4 Joer no den Evenementer vu Mënscht schafft de Luc Capitani als "Homme à tout faire" am Garer Quartier an der Stad. Hien gëtt vum Bianca, enger Prostituéierter, engagéiert fir eng verschwonne Kolleegin erëmzefannen. D'Sich nom Andreea ass kuerz, de Capitani fënnt seng Läich an engem Bësch a muss elo de Mäerder fannen. Parallel dozou kënnt de Lucky Onu aus dem Nigeria zu Lëtzebuerg un, op der Sich no senger Schwëster...
2 Dass do um Eck ee steet 22. Feb. 2022 De Capitani gëtt vun der Valentina Draga engagéiert fir op hir "Meedercher" opzepassen. De Lucky fënnt seng Schwëster. Dat wëll awer näischt mat him ze doen hunn. D'Elsa Ley schafft als Polizistin am Quartier, wou hatt den Drogentrafic observéiert a bekämpft…
3 Schléis de zou, oder leefs de fort 1. Mäerz 2022 De Capitani schafft a Wierklechkeet als Undercover-Polizist fir e gewëssent Pascale Cojocaru. Nëmmen dowéinst ass hien aus dem Prisong fräi komm. De Capitani an d'Ley deelen Informatiounen iwwert d'Muerden un den Prostituéierten. D'Bianca erzielt dem Capitani datt et an engem Cabaret an der Stad mannerjäreg Prostituéiert gëtt. De Lucky kënnt net méi u seng Schwëster.…
4 Bis deen Éischten op Dech zoukënnt 1. Mäerz 2022 De Gibbes Koenig an d'Valentina doe sech zesumme fir géint eng nigerianesch Drogemafia ze kämpfen. De Capitani sollt e "Coup" organiséieren a brauch dofir der Ley hir Hëllef. Si hält de Capitani fir e Gauner, a wëll net mat him schaffen. Dem Capitani seng Relatioun mat senger Cheffin Cojocaru verschlechtert sech....
5 Däi leschte Gedanken 8. Mäerz 2022 De Capitani hëlleft dem Lucky, seng Schwëster, déi vermeintlech dat zweet Muerdaffer ass, eng lescht Kéier ze gesinn. Dofir seet de Lucky him wien hinnen d'Droge liwwert déi si op der Gare verkafen. Déi ermuerte Fra war awer net d'Grace. Den Toni traut dem Luc net, a wëll net datt d'Bianca ze vill Zäit mat him verbréngt. Trotzdeem fueren déi zwéi Männer zesummen an d'Belsch fir e Rendez-vous mat engem décken Drogendealer...
6 Wäer ech nëmme fortgelaf 8. Mäerz 2022 De Capitani gëtt gewuer, wien den Nigerianer d'Droge liwwert. D'Elsa an den Toni hu sech an der Nuecht kritt, a probéieren normal weider zesummen ze schaffen. De Luc sicht Hëllef bei senger Schwëster Jeanne, mee hiert Verhältnis ass net gutt zanter dem Dout vun hirem Papp. D'Pascale Cojocaru mierkt datt hannert dem Luc senger Fräiloossung nach eppes anescht stécht...
7 Keng Zäit ze verléieren 15. Mäerz 2022 De Capitani organiséiert en Iwwerfall op en Drogentransport vun enger nigerianescher Mafia. D'Cojocaru versprécht him d'Fräiheet wann dat alles gutt geet, an den Arthur festgeholl ka ginn. D'Carla gëtt vum Luc gezwonge matzemaachen. De Lucky freet d'Bianca no Hëllef op der Sich nom Grace...
8 Bis deen Éischten ëmkippt 15. Mäerz 2022 Den Arthur gouf ermort, an de Camion mat den Drogen ass verschwonnen. De Lucky gëtt vum Queen agespaart well hien eng Gefor fir si all ass. D'Valentina zwéngt de Gibbes sech aus dem Business zeréckzezéien. D'Pascale Cojocaru kann de Luc net fräi loossen, obwuel hatt him ëmmer méi vertraut. De Luc decidéiert elo ganz fir d'Valentina ze schaffen...
9 Et ass spéit an der Nuecht 22. Mäerz 2022 D'Ley an de Capitani verdächtegen d'Carla de Camion geklaut ze hunn. Fir dem Capitani ze beweisen datt dat net esou ass, verréit hatt him den Dealer hir Stopp am Café "Grand Huit". Hie gëtt dës Informatioun un d'Ley virun, D'Grace seet dem Bianca datt den Dominik probéiert hatt ëmzebréngen...
10 Du bass alleng 22. Mäerz 2022 D'Valentina huet dem Gibbes säi Geschäft iwwerholl. Si ass dem Capitani dankbar datt en déi nigerianesch Dealer opfléie gelooss huet. Ma d'Ley kritt mat, dass nach ëmmer Drogen zirkuléieren. An d'Bianca freet sech wou déi vill Suen vu sengen Ex-Kolleeginnen hir kommen. De Lucky ass blesséiert a sicht e Wee zeréck an d'Stad. De Capitani an d'Ley schwätze sech eng éischte Kéier aus...
11 Dass Dir Däi Laachen elo endlech vergeet 29. Mäerz 2022 D'Cojocaru fënnt dem Capitani seng Déngschtwaff zu Mënscht am Weier, a gëtt him se zeréck. D'Elsa an den Toni iwwerwaachen elo d'Prostituéiert op der Gare. Mee den Toni schéngt nach aner Pläng ze hunn. De Luc hëlt de Lucky bei sech op, an d'Bianca fënnt dem Grace seng Adress eraus...
12 Du muss wëssen, wat ass besser 29. Mäerz 2022 De Capitani entdeckt datt den Dominik d'Drogen geklaut huet an elo iwwert d'Prostituéiert weiderverkeeft. D'Valentina deckt säi Bouf, a verlaangt datt de Capitani weider op hirer Säit ass. D'Bianca an de Luc wëlle wësse wien hannert dem Lucky hier ass a stellen eng Fal...

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

1. Saison[änneren | Quelltext änneren]

  • Luc Capitani (Luc Schiltz): Inspekter bei der Police judiciaire. Ass zimmlech rabiat am Ëmgang mat aneren, a stécht seng ganz Energie an d'Léisung vum Muerdfall. Eng al Affär vu viru 15 Joer spillt stënterlech och nees eng Roll a sengem Liewen.
  • Elsa Ley (Sophie Mousel): Jonk an éiergäizeg Brigadière, déi aus dem Duerf ass, wou "all Mënsch all Mënsch kennt", an dofir vum Capitani mat op d'Enquête gesat gëtt. Duerch hir Erkenntnesser verdéngt si sech lues a lues dem Capitani seng Unerkennung fir hir Aarbecht. Si erwaart e Kand vum Steve Weis, engem Zaldot.
  • Joe Mores (Joe Dennewald): Och e Brigadier aus der Géigend, deen éierlech hëllefe wëll, ma séier iwwerfuerdert ass.
  • Tanja Engel (Jil Devresse): Zwillingsschwëster vun der ermuerter Jenny Engel. War nom Muerd e puer Deeg verschwonnen, a säin Erëm-Opdauche werft méi Froe wéi Äntwerten op.
  • Mick Engel (Jules Werner): Chef vun der Schräinerei 'Holzengel', Papp vun den Zwillingsschwësteren an Ex-Mann vun der Nadine Kinsch. Gëtt duerch eng Intrig neie Buergermeeschter vun der fusionéierter Gemeng Mënscht. Impulsiv a bedreelech, wann et enk gëtt. Huet en zimmlecht animéiert Intimliewen.
  • Nadine Kinsch (Claude De Demo): Mamm vun den Zwillinssëschteren, déi nieft dem Doud vun enger Duechter och nach dee vun hirem Mann verquësse muss, dee sech d'Liewe geholl huet. Ma och hiren Ex-Mann spillt weiderhin eng wichteg Roll an hirem Liewen. Si deelt mat der iwwerliewender Duechter e Geheimnis.
  • Rob Berens (Raoul Schlechter): Mann vun der Nadine Kinsch; dem Jenny an dem Tanja hire Stéifpapp. Franséischproff am Lycée, hëlt sech kuerz nom Jenny sengem Doud d'Liewen. E Bréif vun him, dee spéider fonnt gëtt, erkläert firwat.
  • Jean-Pierre Weyrich (Jean-Paul Maes), Direkter vum Lycée. Ass méi ëm de Ruff vu senger Schoul beméit, wéi ëm den Drogeproblem, deen et do gëtt. Kolleeg vum Pierre Rommes.
  • Pierre Rommes (Jemp Schuster): Buergermeeschter vu Mënscht, deen awer bei der Fusioun mat zwou Nopeschgemenge vum Mick Engel ausgebot gëtt. Geet op d'Juegd no engem Wollef, dee sech do ronderëm dreiwe soll.
  • Léa Holmes (Esther Gaspart Michels): Bescht Frëndin vun der Tanja Engel; ass vum Tanja enttäuscht, datt et de Kontakt mat him evitéiert.
  • Manon Boever (Julie Kieffer): Duechter vum Bäcker Jim Boever. Nodeems et d'Schoul ofgebrach hat, fiert et mat der Camionnette Brout a Mëtschen doruechter verkafen. Verkeeft och Drogen, déi et vun engem gewëssen 'Unicorn' geliwwert kritt, an huet eng heemlech Bezéiung mam Mick Engel.
  • Jim Boever (Roland Gelhausen): Duerfbäcker, nom Doud vu senger Fra verbattert, a mat wéineg Zougank zu senger Duechter Manon, déi fir hie schafft. Huet, ausser geleeëntleche Kaartenowenter mam Paschtouer Glodt a mam Gérard Gaspard, kaum Kontakt mat de Leit.
  • Claude Glodt (Pierre Bodry): De Paschtouer aus dem Duerf, dee seng Scheewercher gutt kennt.
  • Usch Trierweiler (Luc Feit): E geeschteg Handicapéierten aus dem Duerf, dee beim Paschtouer wunnt a sech vill dorëmmer erëmdreift.
  • Steve Weis (Konstantin Rommelfangen) Zaldot 'um Bierg' a Frënd vun der Elsa Ley, déi vun him e Puppelchen erwaart. Dreift sech dacks mam Frank Ferrone a mam Jerry Kowalska nuets an engem Chalet am Bësch erëm, wou och Meedercher aus dem Duerf hikommen.
  • Frank Ferrone (Timo Wagner): Zaldot
  • Jerry Kowalska (Max Gindorff): Zaldot
  • Majouer Majerus (Al Ginter)
  • Sergent Goedert (Michel Tereba)
  • Carla Pereira/Sofia Santos (Brigitte Urhausen): Besëtzerin vun der Auberge am Duerf. Hat viru 15 Joer eng Bezéiung mam Capitani, ass dono awer ënnergedaucht, bis de Capitani se zu Mënscht ënner anerem Numm nees erëmfonnt huet. Si komme sech nees méi no.
  • Diane Bonifas (Désirée Nosbusch): Inspektesch bei der IGP, enquêtéiert iwwer de Muerd um Vincent Da Costa, engem Drogendealer aus dem Minett, deem seng Läich kierzlech opgedaucht ass. E war mat engem Policerevolver erschoss ginn, an de Capitani hat sech an der Zäit, wou e warscheinlech ëmbruecht gouf, seng Waff klaue gelooss. Si war dem Capitani seng Patronne de Stage.
  • Mady Berens (Josiane Peiffer): Mamm vum Rob Berens.

2. Saison[änneren | Quelltext änneren]

  • Luc Capitani (Luc Schiltz): fréieren Inspekter bei der Police judiciaire. Nodeems e fir e Muerd verurteelt gi war, gouf en aus dem Prisong entlooss an ermëttelt elo undercover am Garer Quartier.
  • Elsa Ley (Sophie Mousel): déi fréier Brigadière schafft elo bei der Police judiciaire an enquêtéiert am Drogemilieu am Garer Quartier. Si hëlt nees Kontakt mam Capitani op, an déi zwee tauschen ënnereneen Informatiounen aus dem Milieu aus.
  • Lucky Onu (Edson Anibal): Nigerianer, deen op Lëtzebuerg kënnt fir seng Schwëster ze sichen. Fir säi Cafészëmmer kënnen ze bezuelen, gëtt e Klengdealer op der Stater Gare.
  • Gibbes Koenig (André Jung): Cabaretsbesëtzer an Zouhälter, fréiere 'Kinnek vum Nuetsliewen'.
  • Arthur Koenig (Tommy Schlesser): Dem Gibbes säi Jong, och 'Prënz' genannt, dee probéiert sech ekonomesch ze diversifiéieren, andeems en an den Drogenhadel eraklëmmt.
  • Valentina Draga (Edita Malovčić): Cabaretsbesëtzerin, alliéiert sech mam Koenig fir den nigerianeschen Drogendealer lass ze ginn.
  • Dominik Draga (Adrien Papritz): Der Valentina hire Jong, dee Méi dermat huet, sech an den Ae vu senger Mamm ze beweisen.
  • Carla Pereira (Brigitte Urhausen): Huet sech no hirer Flucht aus Mënscht zu Athus am Drogenhandel nei etabléiert.
  • Pascale Cojocaru (Larisa Faber): "Cousine Paulette"; Verbindungspersoun zum Procureur.
  • Jeanne Capitani (Marie Jung): Infirmière bei Médecins du Monde, dem Luc Capitani seng Schwëster.
  • Grace Onu (Jennifer Heylen): dem Lucky Onu seng Schwëster, schafft op der Stater Gare als Prostituéiert.
  • Bianca Petrova (Lydia Indjova): schafft als Prostituéiert am Cabaret vun der Valentina Draga an huet eng Liaisoun mam Dominik Draga.
  • Maria (Hana Sofia Lopes): Prostituéiert am Cabaret vun der Valentina Draga.
  • Toni Scholtes (Philippe Thelen): Enqêteur, dee frësch vun der Douane bei d'PJ gewiesselt ass; der Elsa Ley hire Binôme bei der Enquête iwwer den Drogenhandel.
  • Marc Diederich (Mickey Hardt): e Chef bei der Police judiciaire.
  • 'Queen' (Irene Masiku): Cheffin am Café Grand Huit a vum Verdeelerreseu vun den nigerianesche Klengdealer.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Titele vun den eenzelen Episode vun der éischter Saison sinn Zeilen aus Gedichter a Lidder vum Michel Lentz (1820-1893)[6].

Op Netflix heescht d'Serie an alle Sprooche Capitani, ausser op Portugisesch, wou se Os Segredos de Manscheid heescht, an op Ongresch, wou den Titel mat Gyilkosság Manscheidben iwwersat ass.

An der 2. Saison ass d'Stéck Haass an den Aen vun T the Boss am Ofspan ze héieren.

Capitani gouf um Lëtzebuerger Filmpräis 2021 mam Präis fir déi bescht Produktioun fir Tëlee oder nei Medien ausgezeechent; ausserdeem kruten den Thierry Faber, Eric Lamhène a Christophe Wagner de Präis fir déi bescht kreativ Kontributioun (Kategorie Dréibuch), an d'Sophie Mousel an de Luc Schiltz dee fir déi bescht Schauspillerin an dee beschte Schauspiller.[7]

Dréiplazen[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Staffel[änneren | Quelltext änneren]

Biller

Zweet Staffel[änneren | Quelltext änneren]

Biller

Budget[änneren | Quelltext änneren]

De Budget vun der 1. Staffel louch bei 2,6 Milliounen Euro. Dovu sinn 2,1 Millioun eng Subventioun vum Film Fund Luxembourg,[9] deen ausserdeem 2017 eng Hëllef fir d'Schreiwe vum Dréibuch vu 50.000 Euro bäigesteiert huet.[10][11]. RTL huet 300.000 Euro bäigedroen, de Rescht ass vu Samsa an Artemis (B).

Am Juni/Juli 2020 huet de Filmfong 120.000 Euro fir d'Schreiwe vun enger 2. Staffel subventionéiert.[12][13] Am November 2020 huet de Filmfong eng weider 1.300.000 Euro fir d'Dréiaarbechte bäigesteiert;[14] dee Subside gouf am Februar 2021 op 1.700.000 Euro erhéicht.[15] Am ganze soll déi zweet Staffel eng 4 Millioune kaschten, wouvun en Deel duerch eng Koproduktioun mat der Belsch ofgedeckt gëtt.[5]

Spectateuren[änneren | Quelltext änneren]

Enger Enquête vun TNS ILRES no hunn 147.500 Spectateuren, wat 29% vun de Residente vu 16 Joer a méi sinn, eng Rei bis all d'Episode vun der éischter Staffel live dënschdesowes op RTL Télé Lëtzebuerg gekuckt. Zousätzlech hunn 137.500 Leit op d'mannst een Episod um Internet am Replay gekuckt. Am Ganze goufe 518.000 Videoen am Replay gekuckt. Bei enger Ëmfro vun InternetPanel.lu soten 90.4 % vun de Leit, si géife sech eng zweet Staffel wënschen.[16]

Fënnef Deeg, nodeems s'op Netflix lancéiert gouf, war d'Serie a 46 Länner ënner den 10 am meeschte gekuckte Serien, an an dräi dovun (Argentinien, Griicheland an Uruguay) esouguer op Nummer 1.[17] Am Juni 2021 housch et vu Säite vum Produzent Claude Waringo, Capitani wier bis dohin op Netflix vun 18 Millioune Leit gesi ginn.[18]

Eng TNS-ILRES-Enquête zu der 2. Staffel[19] huet erginn, dass 44% vun allen Awunner am Land iwwer 16 Joer (232.000) tëscht Februar a Mee 2022 d'Fortsetzung vun der Krimiserie op der Tëlee oder an den digitale Medie vun RTL verfollegt hunn.

Tëscht Januar a Juni 2023 gouf Capitani op Netflix 7,3 Millioune Stonnem (1, Staffel), resp. ronn 5 Millioune Stonnen (2, Staffel) gekuckt. An engem Ranking huet déi 1. Staffel domat déi 2675. Plaz beluecht.[20]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pressedossier op rtl.lu
  2. "De 'Capitani' vum 11. Februar un och op Netflix." rtl.lu, 18.01.2021.
  3. "Déi komplett 2. Saison vu Capitani elo am Replay." rtl.lu, 30.03.2022.
  4. "La saison 2 de Capitani diffusée sur Netflix le 8 juillet." rtl.lu, 06.10.2021.
  5. 5,0 5,1 "Capitani 2: Am Februar 2021 sollen d'Dréiaarbechte vun der Lëtzebuerger Krimi-Serie ufänken." rtl.lu, 24.11.2020 12:36.
  6. Spâss an Iérscht: Liddercher a Gedichten / fum Mel Lentz. Letzeburég: V. Bück, 1873 op eluxemburgernsia.lu.
  7. "Palmarès de la 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis." Communiqué op gouvernement.lu, 27.11.2021.
  8. "« Capitani » en tournage dans le quartier Gare." City. Magazine officiel de la ville de Luxembourg, Mai 2021, p. 74-75.
  9. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2018
  10. "Luxemburger Krimiserie nimmt Zuschauer auf Mörderjagd mit." wort.lu, 08.10.2019.
  11. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2017
  12. "Onze millions alloués à 21 projets audiovisuels." rtl.lu, 06.07.2020.
  13. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions juillet 2020
  14. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions novembre 2020
  15. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2021
  16. "158.000 hunn d'Krimiserie gekuckt, 90.4% wëllen eng Suitte." rtl.lu, 24.02.2020.
  17. Julien Carette: "Carton planétaire pour «Capitani» sur Netflix." paperjam.lu, 17-02-2021.
  18. "Réécoutez la «Story» de Claude Waringo." lessentiel.lu, 21.06.2021.
  19. TNS Ilres, 780 Interviews 16+, Mee 2022; cf.: "232.000 Leit hunn déi zweet Staffel vu 'Capitani' op RTL gesinn." Communiqué op rtl.lu, 31.05.2022.
  20. AFP/dco/jt: "Netflix enthüllt erstmals Einschaltquoten – Serie aus Luxemburg auf Platz 2.675." wort.lu, 13.12.2023.