Eternal Tango

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Grënnung: 2002
Genre: Alternative Rock
Website: http://www.eternaltango.net
Aktuell Memberen
Gesank & Scream: David Moreira
Bass-Gittar & Gesank: Tom Gatti
Lead-Gittar David Schmit
Gittar: Joe Koener
Batterie: Pit Romersa
Eternal Tango, 2010

Eternal Tango ass eng lëtzebuergesch Rockgrupp déi am Joer 2002 zu Diddeleng gegrënnt gouf. Hiren éischten CD koum 2004 als "Split CD" zesumme mat der Grupp Spyglass eraus a gouf vun der däitscher Musekzäitschrëft Visions als CD vum Mount presentéiert.

No enger längerer kreativer Paus huet Eternal Tango sech 2006 an neier Formatioun, mat neiem Konzept, engem neie Sound a vill musikaleschen Iddien zréckgemellt. De Sound vun Eternal Tango gouf dunn zu engem Mix aus melodeschem a metallic gesprëtztem emotionale Pop-Hardcore. No enger ganz erfollegräicher Serie vu Concerten am August 2006 a Portugal, huet Eternal Tango am November 2006 de bekannten internationale "Battle of the Bands" Contest gewonnen a konnt bei der Taste of Chaos Show zu Köln virun iwwer 3000 Leit optrieden mat Gruppe wéi Underoath, Taking back Sunday, Anti-Flag, Saosin a Fire in the Attic.

De 24. November 2006 huet Eternal Tango zu Esch-Uelzecht an der Rockhal d'Finale Luxembourg vum Printemps de Bourges gewonnen.

De leschten CD vun Eternal Tango heescht "First Round at the Sissi Café" a koum am Abrëll 2007 op de Maart. 2007 koum eng Participatioun um Printemps de Bourges a vill weider international Concerten drun. Ervirzehiewen wieren hei d'Optrëtter bei der Fête de la Musique zu Diddeleng a Rock um Knuedler.

Beim Elie Music Award 2007, deen den 11. Juli an der Rockhal iwwerreecht gouf, ware se 4 mol nominéiert. Hei hu se nieft dem Publikumspräis fir de beschte Live-Optrëtt och nach an der Kategorie "Rock & Pop" en Elie mat heem kënnen huelen.

Am Hierscht 2007 hu se am Kader vun der Taste of Chaos-Europatour ënnert anerem zu Lëtzebuerg an zu Köln gespillt. No engem zweeten Artikel an Visions si bis Februar 2008 CD-Release-Partyen geplangt, wou se hir CD "First Round at the Sissi Café" offiziell an Däitschland virstellen.

Zënter dem 3. Dezember 2007 ass op hirer MySpace-Säit hiren éischten offizielle Videoclip, dee fir hire Song "Narya Narya...So Glad You Found Your Way" opgeholl gouf, ze gesinn. Am Clip wierkt och dat lëtzebuergescht Model Mandy Graff mat.

[änneren] Gielercher

  • 2007 Den Elie Music Award an der Kategorie "Best Rock & Pop" souwéi den Publikumspräis fir de beschte Live-Optrëtt.


[änneren] CD's

  • 2010 Eternal Tango - Welcome To The Golden City
  • 2007 Eternal Tango - First Round at the Sissi Café
  • 2004 Split CD - Eternal Tango/Spyglass


[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen