Eugène Ferron

Vu Wikipedia
Eugène Ferron
Gebuer 25. Februar 1841
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Dezember 1903
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur, Moler
Eugène Ferron: Bauerenhaff

Den Eugène Ferron, gebuer de 25. Februar 1841[1] an der Stad an och do gestuerwen den 31. Dezember 1903[2], war e lëtzebuergesche Moler, Zeecheprofesser, Mathematiker an Ingenieur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1854 bis 1861 huet den Eugène Ferron säi Secondaire am Stater Kolléisch absolvéiert. Hien huet do säin Talent fir d'Mathematik an d'Zeechnen entwéckelt a war an den Zeechen- a Molcourse beim Jean-Baptiste Fresez a gouf do mat der ieweschter Auszeechnung, der grande médaille, ausgezeechent.

1862 ass den Eugène Ferron op Gent studéiere gaangen a krut 1867 säin Diplom als Ingénieur civil.

Dat Joer duerno krut hien eng definitiv Nominatioun als Zeechen- a Mathematiksprofesser am Stater Kolléisch.

Vun 1874 u bis zu sengem Doud war de Ferron Regierungskommissär fir d'Eisebunn.

Als Ingenieur gouf hien 1876 vun der Regierung chargéiert eng Propositioun fir de Bau vun enger Bréck iwwer de Péitrussdall ze maachen. Seng Propositioun fir eng Bréck mat engem grousse Bou vun 80 Meter ze bauen, gouf méi spéit vun aneren opgeholl a mam Bau vun der Neier Bréck ëmgesat[2].

De Ferron war Member vun der naturwëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1868: Les ombres de la niche (Applications de la Géométrie descriptive), Édition Rosbach
  • 1870: Einige Resultate der mathematischen Gewölbetheorie, Édition Peter Brück
  • 1874: Mémoire sur le calcul et la construction des polygones réguliers, Édition Victor Bück
  • 1876: Études analytiques sur l'effet mécanique des locomotives, Édition Victor Bück
  • 1882: Die schiefen Gewölbe, Édition Victor Bück
  • 1882: Nouveau système d'exposition du principe des vitesses virtuelles en mécanique, Édition Victor Bück
  • 1883: Étude sur la catastrophe de Hugstetten survenue à un train de plaisir de Fribourg à Colmar, le 3 septembre 1882, Édition Victor Bück
  • 1883: Détermination du mouvement d'un point matériel sur un plan incliné en ayant égard à la rotation diurne de la terre, Édition Victor Bück
  • 1891: Sur la température du globe terrestre, Édition Alphonse Picard, Paris
  • 1894: Contribution à la thèorie générale du mouvement d'un système de corps, Édition ?, Paris
  • 1895: Théorie mécanique des bicycles, Édition ?, Paris
  • 1895: Les causes physiques de la dispersion de la lumière, Édition Polleunis et Ceuterick, Bruxelles
  • 1986: Note sur l'état intérieur du globe terrestre, Édition M. Hayez, Bruxelles
  • 1901: Contribution à la théorie générale du mouvement des corps solides naturels, Édition L. Bück
  • 1902: Contribution à la théorie mathématique de la chaleur, Édition L. Bück
  • 1903: Le second viaduc sur la Pétrusse à Luxembourg, Tiré-à-part aus dem Bulletin Mensuel de l'Association des Ingénieurs Luxembourgeois, Édition M. Huss

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedrich, E.: Der doppelte Eugène Ferron, Revue Nr 8, 1980.
  • APEA, 1987, Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (Eugène Ferron: S. 88-89).

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eugène Ferron – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. APEA, 1987, Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (Eugène Ferron: S. 88-89).
  2. 2,0 2,1 2,2 Kuerz Biografie vum Eugène Ferron an der Bürger und Beamtenzeitung vum 5. Januar 1904 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-01-08.
  3. Memorial N°8 vun 1890 mat enger Lëscht vu Lei déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen