Eugene Shoemaker

Vu Wikipedia
Eugene Shoemaker
Gebuer 28. Abrëll 1928
Los Angeles
Gestuerwen 18. Juli 1997
Alice Springs
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology,
Princeton Universitéit
Aktivitéit Astronom, Geolog
Member vun American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences
Famill
Bestuet mat Carolyn Shoemaker

Den Eugene Merle (Gene) Shoemaker, gebuer den 28. Abrëll 1928 zu Los Angeles, gestuerwen den 18. Juli 1997 zu Alice Springs, Australien, war en US-amerikanesche Geolog an Astronom. Bekannt gouf hien als Matentdecker vum Koméit Shoemaker-Levy 9 (mat senger Fra Carolyn Shoemaker an dem David Levy).

A senger Promotiounsaarbechtt op der Princeton Universitéit konnt den Dr. Shoemaker beweisen, datt de Barringer-Meteorkrater tatsächlech duerch e Meteorittenaschlag entstanen ass. 1960 konnt en noweisen, datt och d'Nördlinger Ries duerch e Meteorittenaschlag entstanen ass.

Am Joer 1961 huet hien den Astrogeologesche Fuerschungsprogramm vum United States Geological Survey gegrënnt a war och den éischten Direkter dovun. Weider war hie bei der Lunar Ranger-Missioun bedeelegt an um Training vun den amerikaneschen Astronaute fir den Apollo-Programm.

Seng Carrière an der Astronomie ass 1973 ugaangen, wéi hien um Palomar-Observatoire ugefaangen huet no Asteroiden a Koméiten ze sichen, déi d'Ëmlafbunn vun der Äerd gekräizt hunn. Spéider ass hie vu senger Fra Carolyn an dem David Levy ënnerstëtzt ginn. Nieft der Entdeckung vum Koméit Shoemaker-Levy 9 konnt dës Grupp vun Astronomen d'Entdeckung vu ronn 30 weidere Koméiten a vun ongeféier 800 Asteroide maachen.

Den Eugene Shoemaker ass 1997 bei engem Autosaccident zu Alice Springs leie bliwwen. En Deel vu sengen Äsche goufe vun der Raumsond Lunar Prospector op den Äerdmound bruecht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eugene Merle Shoemaker – Biller, Videoen oder Audiodateien