Folk-Clupp Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

De Folk-Clupp Lëtzebuerg ass e Veräin ouni Gewënnzweck dee sech zum Zil gesat huet, d'Folk-Musek aus aller Welt (hautdesdaags och dacks als World-Musek bezeechent) z'ënnerstëtzen an de Museker, déi sech mat där Museksrichtung ofginn, duerch d'Organisatioun vu Concerte Geleeënheet ze ginn hir Musek virun engem gréissere Publikum ze presentéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Veräi gouf 1977 vum Guy Schons gegrënnt, deen 2 Joer virdrun och de Grënner vun der lëtzebuergescher Folk-Museksgrupp Dullemajik war. Déi Grënnung huet deemools engem Trend entsprach, deen och an den Nopeschlänner ganz staark war. A ville Stied an Europa si Veräiner mat änlechen Ziler gegrënnt ginn.

Déi aner Grënnungsmembere waren: Paul Aniset, Gaby Becker, Léon Loreti, Andrée Wahl, Pit Weyer an de Rico Winandy. Et war ufanks virgesinn, eemol de Mount e Concert z'organiséieren an am Summer e Folk-Festival. D'Membere vum Club sollte reegelméisseg eng Programm-Informatioun zougeschéckt kréien.

Déi éischt Organisatioun war de 26. Oktober 1977 mat der Participatioun vu sechs Folk-Museksgruppen am Sall Melusina an der Stad Lëtzebuerg.

Finanziell ass de Veräin am Ufank gutt iwwer d'Ronne komm well de Museker hir Gagen nach net sou héich waren an d'Museker meeschtens privat konnte logéiert ginn. D'Akommes aus de Concerten ass duergaange fir all Onkäschten ze bezuelen. Vun 1979 u sinn et awer finanziell Problemer ginn. Dofir si Subside beim Kulturministère ugefrot ginn, déi och bewëllegt goufen.

Am Joer 1982 ass fir de 5. Gebuertsdag vum Club den 9. an 10. Oktober zu Ettelbréck e Folk & Blues Festival organiséiert ginn. 14 Gruppen aus 8 Länner stoungen um Programm. Finanziell war de Festival keen Erfolleg, well d'Kees duerno nees eidel war, mä et konnten awer doduerch e puer Leit fir d'Veräinsaarbecht gewonne ginn, déi sech als laangfristeg Stäip vum Veräin entwéckelt hunn, ënner aneren och de Marco Uhres an de Jerry Levy, déi och 2012 nach am Comité sinn.

1987 ass den 10. Gebuertsdag vum Club nees mat engem Festival gefeiert ginn, deen den 18. an 19. Juli zu Steesel war. Och dëse Festival war finanziell keen Erfolleg, an duerno waren déi ganz Reserven opgebraucht. Musikalesch war et awer een éischte Schrëtt a Richtung Weltmusek, et ass nämlech fir déi éischt Kéier eng afrikanesch Grupp opgetratt.

Vun do un ass de Programm vum Club nach méi international ginn an et si Gruppen aus aller Welt opgetratt. Fir d'Kulturjoer 1995 hat de Folk-Clupp en attraktive Programm op d'Bee gestallt. Duerch eng gutt Zesummenaarbecht mam Koordinator, dem Claude Frisoni, krut de Club d'Éier, d'Erëffnung an der Zeltstad um Helleg-Geescht-Plateau ze gestalten. Ausserdeem waren an deem Joer nach eng ganz Rei aner erfollegräich Concerten, well duerch d'Kulturjoer sech méi Leit fir d'Musek vum Folk-Clupp intresséiert hunn.

1997 ass fir den 20. Gebuertsdag vum Club an Zesummenaarbecht mam CNA eng Dokumentatioun vun 2 Stonnen op CD opgeholl ginn. An deem Joer huet am Pafendall, an Zesummenaarbecht mat de Pafendaller Veräiner, e Folk- an Danzfest op 3 Büne stattfonnt. Ausserdeem waren nach zirka 50 Stänn mat Konschthandwierker, Instrumentebauer, asw. opgebaut. Vun deem Joer un huet de Folk-Clupp och all Joer beim Festival des Cultures matgemaach, dee bis 2002 organiséiert gouf.

Am Joer 2002 ass fir de 25. Gebuertsdag vum Club eng Broschür erauskomm, déi vum Marc Barthelemy redigéiert gouf,

D'Joer 2007 huet dem Club duerch e schéine Programm nees eng Bedeelegung am Kulturjoer bruecht. Deelweis ass dëse Programm an Zesummenaarbecht mat der Escher Kulturfabrik gelaf. Ausserdeem war an deem Joer och d'Feier vun den 30 Joer Folk-Clupp, de 26. Oktober am Sang a Klang am Pafendall an de 27. Oktober an der Kulturfabrik zu Esch. An deem Joer huet de Club och seng Aarbechtsweis geännert. Vun do u si keng Memberskaarte méi verkaaft ginn. D'Informatioun un déi fréier Memberen ass trotzdeem virugelaf, entweeder per Post oder iwwer E-mail. De Kommitee huet vun deemools u just nach als Organisateur vu Concerte geschafft.

Am Joer 2012 an 2017 huet de Folk-Clupp seng 35 resp. 40 Joer mat enger gréisserer Zuel vu Concerte gefeiert, meeschtens an Zesummenaarbecht mat anere Kulturinstitutiounen.

Kommitee[änneren | Quelltext änneren]

De Kommitee vum Folk-Clupp besteet 2012 aus follgende Persounen:

  • President: Marco Uhres
  • Vizepresident an Tresorier: Jerry Levy
  • Sekretär: Aloyse Harles
  • Websäit: Marc Espen
  • Martine Goergen

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 25 Joer Folk-Clupp Lëtzebuerg (1977-2002), 2002, Marc Barthelemy, Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg
  • 30 Joer Folk-Clupp Lëtzebuerg (1977-2007)- Beilag zur Broschür 25 Joer Folk-Clupp, 2007, Marc Barthelemy
  • Marc Barthelemy: Folk-Clupp Lëtzebuerg, S. 102 - 105 am Buch: Sang & Klang Pafendall 1857 - 2007, Impr. V. Buck, Leudelange, 2007

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]