Fond-de-Gras

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fond-de-Gras
a Gras
Elektrozentral Paul Wurth
An anere Sproochen fr: Fond-de-Gras
de: Fond-de-Gras
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Déifferdeng
Péiteng
Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP)
Jean-Marie Halsdorf (CSV)
Koordinaten 49° 32’ 03’’ N
      05° 51’ 46’’ O
Elektrozentral vu bannen

De Fond-de-Gras (lokal: a Gras[1]) gehéiert zum Deel zu de Gemengen Déifferdeng a Péiteng.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Fond-de-Gras läit an engem Dall um Fouss vum Tëtelbierg an direkter Noperschaft zu Zowaasch an dem Rouden Haff, am Süde vu Lëtzebuerg. En Deel vun de Gebailechkeete gehéiert zu der Déifferdenger Gemeng (Café, al Epicerie, Musée). D'Gare mat den Atelieren an de Schäpp an d'elektresch Zentral stinn op Rollenger Terrain, also an der Gemeng Péiteng.

Toponymie[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
Zousätzleche Grond: copy-paste mat vill Feeler, Gebrauch vu Schablounen déi et net gëtt
  • Op Postkaarte vu virun 1900 ass et "Fond de Grâce" geschriwwe ginn!
  • Kuerz no 1900 steet op enger Postkaart "Fond de Gras".
  • Op topographesche Kaarten vun 1907 steet da "Fond de Graas" (mat zwee "a") oder och nach Bëschdeeler wéi Graaskap a Graasken.
  • Op topographesche Kaarten ab 1950 steet dann op eemol "Fond de Gras", wéi et nach haut geschriwwe gëtt.
  • Am 2. Weltkrich hunn d'Preisen et "Gnadengrund" genannt, wat nees op "Grâce" hiweist.
  • Laut aneren Zäitzeien hunn d'Preisen et "Erzgründchen" genannt.

Duerch wat fir Ëmstänn et zu deene verschiddene Schreifweise komm ass, ass dem Auteur (Claude Arend) bis haut onbekannt.

D'Aussproch ass awer bliwwen, d.h. ee laangen "a" mat engem schaarfen "s" zum Schluss.

Die Deutung Gras = Grâce = Gnade und damit Fond de Grâce - Gnadengrund ist nicht haltbar. (René Klein / Lamadelaine)[2][3]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare an d'Eisebunnsstreck tëscht Doihl - Fond-de-Gras a Fuussbësch mam technesche Material dat dozou gehéiert sinn op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter klasséiert.[4]


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fondation Bassin Minier (Hg.): Le Fond-de-Gras – Histoire(s) d'un lieu : Des origines à nos jours / Der Fond-de-Gras – Geschicht(en) eines Ortes: Von seinen Anfängen bis zur Gegenwart (Mutations: mémoires et perspectives du Bassin Minier, 8), Esch/Alzette: Fondation Bassin Minier 2015, ISSN 2078-7634.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fond-de-Gras – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruikFond de Gras (FdG). maer-rollengers Webseite!. Gekuckt de(n) 2023-02-21.Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruik
  3. Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruikPRONONCIATION FOND-DE-GRAS – Minett park. Gekuckt de(n) 2023-02-21.Categorie:Wikipedia:Hulpcategorie voor tijdelijk gebruik
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).