François Kraut

Vu Wikipedia
François Kraut
Gebuer 8. Februar 1907
Gestuerwen 28. August 1983
Boulogne-Billancourt
Nationalitéit Frankräich, Éisträich
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Geolog

De François Kraut, gebuer den 8. Februar 1907 zu Pinkafő (däitsch: Pinkafeld), Ungarn, a gestuerwen den 28. August 1983 zu Paräis, war e Geolog a Mineralog. Hie war Universitéitsprofesser zu Paräis. International Unerkennung krut hien ënner anerem duerch seng Fuerschungen iwwer Meteoritten.

Wëssenschaftlech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Kraut hat tëscht 1923 an 1928 zu Újpest, zu Budapest an op der Montanuniversitéit Leoben studéiert. Spéider goung hie mat senger Famill op Paräis an ass do mat sengem Studium an der Mathematik, Physik a Mineralogie weidergefuer. 1933 gouf hie Mataarbechter vun der Sektioun Mineralogie vum Musée national d'histoire naturelle zu Paräis. 1963 gouf en do Direkter, dat hie bis zu sengem Récktrëtt 1972 geleet huet. Mat Ënnerstëtzung vu senge Kolleegen a Mentoren Alfred Lacroix, Jean Orcel (18961978) an Elisabeth Jérémine hat hie sech op Mineralogie a Petrographie spezialiséiert, an zwar besonnesch op d'Mikroskopie vu Gestengs an opake Mineraler.

Nodeem hien déi franséisch Staatsbiergerschaft kritt hat, ass hien 1939 an d'franseéisch Arméi gaangen, war awer scho bal an däitsch Gefaangenschaft geroden, déi bis 1945 gedauert hat.

Aschlagkrater vu Rochechouart-Chassenon mat Bemierkunge vum F. Kraut

Hien hat en ettlech Joer zesumme mat der Simone Caillere geschafft. Mat hir hat hien d'Gesetzméissegkeete vun der Paragenese vun Eisen an de Lagerplazen a Loutrengen, Anjou an an der Normandie beschriwwen. Déi Gesetzméissegkeete goufe spéider vun Experimenter am Laboratoire bestätegt.

1969 gouf seng wëssenschaftlech Carrière gekréint duerch d'Entdeckung vum bis do gréisste bekannte Meteorittenaschlag op franséischem Festland, vum Astroblem vu Rochechouart-Chassenon um Gebitt vun de Gemenge Rochechouart a Chassenon op der Departementsgrenz vun der Charente an der Haute-Vienne. Et handelt sech dobäi ëm e Krater mat engem Duerchmiesser vun 22 km an engem Alter vu ronn 214 Millioune Joer. Déi Entdeckung war d'Resultat vun enger 30 Joer laanger methodescher Aarbecht an enger stänneger Iwwerpréiwung vun Hypotheesen, déi hien nach net fir bewise gehalen hat.

D'Meteoritten[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem hie sech laang mat der Geologiefuerschung vu Metaller beschäftegt hat, besonnesch vu Koffer, Eisen, Magnesium an Arsen, huet hie sech an de leschte Jore vu senger wëssenschaftlecher Aktivitéit mat Fuerschung vu Meteoritte beschäftegt. 1967 war hien duerch d'Charente gaange fir no Spuere vun engem Meteorit ze sichen, deen de 27. Juni op d'Äerd gefall war a vun deem hien zwéi Brochstécker entdeckt hat.[1]

Am selwechte Joer huet hien d'Thees opgestallt, datt d'Brekzien, déi zu Chassenon an der Charente entdeckt goufen, entweeder vu vulkaneschem Urspronk oder awer d'Resultat vun engem Meteorittenaschlag sinn. Hien hat an dësem Fall Parallelen zu änlechem Gestengs am Nördlinger Ries gezunn. Am Juli 1968 huet hien Ënnersichunge gemaach, déi déi eng oder aner vun dëse béiden Theese beleeë sollten.

Astroblem vu Rochechouart-Chassenon[änneren | Quelltext änneren]

Skizz vum François Kraut vun de Stralekegelen vum Krater vu Rochechouart-Chassenon.

1969 war et him gelongen, duerch d'Entdeckung vum Stralekegel d'Rätsel vum Astroblem vu Rochechouart-Chassenon ze léisen.[2] Hie gouf dobäi vun de béiden amerikanesche Geologe French a Short ënnerstëtzt. De Bevan M. French, gebuer 1937 zu New Jersey (USA), war Geolog, Mineralog, Schrëftsteller a Fachmann fir Meteorittenaschléi op der Äerd an hir Auswierkungen op d'Fielsfomatiounen déi ënner der Uewerfläch leien. De French hat sech scho méi laang mat de besonnesche geologeschen Eegenschafte vun där Géigend befaasst an zanter 1935 iwwer déi onerkläert Brekzië vu Chassenon publizéiert. Den Astroblem vu Rochechouart-Chassenon ass dee gréisste bis elo entdeckte Meteorittekrater a Frankräich an ee vun de gréissten iwwerhaapt, déi an där Zäit entdeckt goufen. Nach haut zielt hien zu den Top-50 vun den ierdesche Meteorittekrateren.

Krautit[änneren | Quelltext änneren]

D'Mineral Krautit, e Mineral aus der Grupp vun den Arsene gouf op Virschlag vum François Permingeat nom François Kraut genannt.[3] Dëst Mineral mat der cheemescher Zesummesetzung Mn2+(AsO3OH).H2O, war 1975 vum François Fontan entdeckt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Meteoritical Bulletin, No. 36-48, Meteoritics, vol. 5, p 94
  2. Kraut F., Comptes rendus hebdomadaires des séances de l'Académie des sciences, Paris, tome 201, Juillet-Décembre 1935, p 221-223
  3. Zesummesetzung vum Krautit