Gerry Welter

Vu Wikipedia
Gerry Welter
Gebuer 18. Mäerz 1941
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker, Dirigent, Chouerdirigent

De Gerry Welter, gebuer den 18. Mäerz 1941 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker an Dirigent. Hien ass zanter 1954 Member vum Cäciliechouer an der Méchelskierch. 1960 gouf hien Dirigent vum Männerchouer an zanter 1967 ass hien Dirigent vum gemëschte Méchelschouer, deen 1850 gegrënnt gouf.

Hien huet Alto um Conservatoire royal de Liège studéiert. Vun 1966 bis 2006 war hie Member vum "RTL-Orchester", dem haitegen OPL. Hien huet vun 1967 bis 2006 Coursen am Stater Conservatoire ginn. Hie war och aktive Member vun den Ensembelen Art Musical, Collegium Musicum a Les Musiciens. Hie war Grënnungsmember vun den Amis de l'orgue an hire President vun 1974 bis 1986.

De Gerry Welter mam Méchelschouer an dem Orchester "Estro Armonico" no de Metten, Chrëschtdag 2023.

Zanter 1969 dirigéiert hien d'Mette vu Chrëschtdag an der Méchelskierch. Hien huet 1992 den Allerséileconcert an d'Liewe geruff, deen hien zënterhier dirigéiert.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Thierry Hick, Gerry Welter, l'infatigable «serviteur». wort.lu [€] (26.10.2022). Gekuckt de(n) 31.12.2023.