Hipparchos vun Nicäa

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hipparchos vu Nicäa)
Hipparchos vun Nicäa
Gebuertsnumm Ἵππαρχος
Gebuer 190 v. Chr. jul.
Gestuerwen 120 v. Chr. jul.
Rhodos
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Geograph


Den Hipparchos vun Nicäa ass ëm 190 v. Chr. zu Nicäa, haut İznik (an der Tierkei) op d'Welt komm. Gestuerwen ass hie méiglecherweis ëm 120 v. Chr. op der Insel Rhodos. Hie war de bedeitendste griicheschen Astronom vu senger Zäit. Ausserdeem war hien och Geograph a Mathematiker. Him zu Éieren ass an der Neizäit en Astrometriesatellit Hipparcos genannt ginn.

Genauegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Den Hipparchos ass bei senge Fuerschungsaarbechte mat enger akribescher Genauegkeet virgaangen. Beim Verglach vu sengen eegenen Himmelsstudie mat deene vu fréieren (och babyloneschen) Astronomen, wéi z. B. den Aristyllos vu Samos an den Timocharis, huet den Hipparchos d'Prezessioun vun den Equinoxen entdeckt. Seng Berechnung vum tropesche Joer, d. h., d'Zäitdauer vun de Joreszäiten, ass no de moderne Miessungen nëmme 6,5 Minutten aus der Féiss. Den Hipparchos huet sech eng Method ausgeduecht, fir geographesch Standplaze mat Hëllëf vu geographesche Breeten a Längten z'ermëttelen. Hien huet d'Hellegkeet vun iwwer 800 Stäre katalogiséiert a berechent, a si op enger Kaart agezeechent. Den Hipparchos huet donieft och eng Tabell mat trigonometresche Seenen zesummegestallt, déi d'Grondlag fir déi modern Trigonometrie ass.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Déi bescht antik Quell déi vum Hipparchos eppes seet, ass den Almagest vum Astronom Ptolemäus.

D'Liewensdate vum Hipparchos sinn onbekannt, awer am Almagest si Beobachtunge vun him aus de Joren 147 v. Chr. bis 127 v. Chr. iwwerliwwert. De Jean Baptiste Delambre huet doraus, an aus weideren Indizien d'Gebuert an den Doud berechent. Et sinn och keng zäigenësseg Portraite bekannt. Antik Mënze mat sengem Bild goufen eréischt am 2. an 3. Joerhonnert geklappt. Well duerch de Ptolemäus bekannt ass, datt den Hipparchos zu Rhodos geschafft huet, gëtt allgemeng och ugeholl datt den Hipparchos op der Insel gestuerwen ass.

D'Haaptwierker vum Hipparchos sinn och verluere gaangen. Eenzeg e kritesche Kommentar an zwee Bicher iwwer e bekannt Gedicht vum Aratos vu Soloi (ëm 310 v. Chr. bis 245 v. Chr.) ass erhalen. Aus spéideren Erwähnunge léisst sech schléissen, datt den Hipparchos selwer och eng Bibliographie vu senge gréisste Wierker verfaasst hat. Säi Stärekatalog ass an den Almagest agepasst.

Op Basis vu senge Miessungen hat den Hipparchos een Himmelsglobus hiergestallt. Obwuel och hei d'Original verluer gaangen ass, ass awer bekannt, datt dëse Globus kopéiert gouf. Sécher ass et net, awer et gëtt ugeholl, datt eng Kopie an der Farnesescher Sammlung läit. Dës privat grouss antik Sammlung ass vun der Famill Farnese vu Roum a Caprarola (Italien) zesummegedroe ginn.

Den Hipparchos gëtt als Papp vun der wëssenschaftlecher Astronomie ugesinn a gëllt, zesumme mat dem Ptolemäus an dem Aristarchos vu Samos, als ee vun deene gréissten Astronomen aus der Antiquitéit.

Astronomesch Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

Prezessioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Hipparchos bei der Aarbecht

Duerch Vergläicher vun der Positioun vum Haaptstär an der Jongfra, Spica, mat enger Positioun vu viru ronn 150 Joer entdeckt hien d'Prezessioun vun den Equinoxen, déi sech ëm 2° verréckelt hat. Doraus errechent den Hipparchos eng Prezessioun vu mindestens engem Grad pro Joerhonnert. Den tatsächleche Wäert läit bei engem Grad pro 72 Joer.

D'Distanz tëscht Äerd a Mound huet hien op 30 Äerdduerchmiessere (384.000 km) berechent.

Astrometrie[änneren | Quelltext änneren]

Den Timocharis vun Alexandria an den Aristyllos vu Samos hate schonn ëm 300 v. Chr. eng Zesummestellung vu Stärepositiounen opgezeechent, déi allerdéngs warscheinlech net ganz prezis war. Am Joer 135 v. Chr. erschéngt en neie Stär um Himmel, méiglecherweis eng Supernova. Well awer d'Fixstärsphär als éiweg ugesi gouf, hu sou nei Stären eng gewësse Brisanz matbruecht. (wéi och zu den Zäite vum Tycho Brahe). Den Hipparchos huet beschloss fir e vollstännege Stärekatalog unzuleeën, deen ongeféier tëscht 800 an 1000 Stären ëmfaasst huet.

D'Längt vun de Joreszäiten[änneren | Quelltext änneren]

Déi ënnerschiddlech Längte vun de Joreszäite ware schonn de Babylonier bekannt, awer den Hipparchos huet d'Wäerter wesentlech verbessert. Hien huet d'Grondlag geschaf fir genee Positiounsmiessungen ze maachen. Dat vum Hipparchos agefouert an duerno allgemeng modernt Positiounsmiessgerät, d'Armillarsphär, gouf no der Sonn geeicht.

Mathematesch Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

Den Hipparchos huet ausserdeem déi éischt bekannten Tabell mat trigonometreschë Seenen zesummegestallt, déi d'Grondlag fir trigonometresch Berechnunge waren. An der haiteger Notatioun ass dëst:

Seen (A) = 2 · sin(A/2), déi hien a Schrëtt vu 7,5° uginn huet.

Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hipparchus – Biller, Videoen oder Audiodateien