Interpénétration

Vu Wikipedia
Interpénétration
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Héicht 2 m
Material Bronz
Kënschtler Lucien Wercollier

Interpénétration ass den Numm vun enger monumentaler bronze Skulptur aus dem Joer 1961 vum Lucien Wercollier.

D'Skulptur, déi zwéi Meter grouss ass, gëtt et an zwou Versiounen.

  • Eng éischt Versioun stoung zu Lëtzebuerg virun der Bank BNP Paribas um Boulevard Royal. Enn 2010 gouf d'Skulptur wéinst dem Chantier um Gebai ewechgeholl[1], an 2011 nom Enn vun der Renovéierung net méi opgestallt. Si gouf do mat engem Wierk vum franséische Sculpteur Philippe Hiquily ersat.
  • Eng zweet Versioun, mat der selwechter Gréisst, gouf 1979 virum Palais de l'Europe zu Stroossbuerg opgestallt. D'Skulptur steet op engem Block aus roudem Granit riets virun der Haaptentrée vum Gebai.

Eng weider Versioun steet am Bausseberäich vum Kreeger Museum zu Washington D.C.[2].

Interessantes[änneren | Quelltext änneren]

An den 1990er Joren huet déi franséisch Post eng Rëtsch Timbere mat Wierker vu Kënschtler aus deene verschiddene Länner vun der Europäescher Unioun erausginn. Lëtzebuerg gouf vum Lucien Wercollier vertrueden.

Fir 'säin' Timber, deen den 22. Januar 1996 erauskoum, huet de Wercollier eng Zeechnung gemaach, op där seng Skulptur Interpénétration ze gesinn ass.

Den Timber gouf 6,15 milliounemol verkaf, ier en de 15. November 1996 aus dem Verkaf gezu gouf.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Aner Skulpture vum Lucien Wercollier an der Stad Lëtzebuerg:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Villa am Boulevard Royal wird renoviert. Luxemburger Wort vum 2. Februar 2011, S. 28.
  2. www.kreegermuseum.org