Lordi

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lordi
Grënnung: 1992
Genre: Hard Rock
Websäit: http://www.lordi.fi/
Grënnungsmemberen
Gesank: „Lordi“ Tomi Putaansuu
Fréier Memberen
E-Bass: „G-Stealer“ (Sami Keinänen) (1996-1999)
E-Bass: „Magnum“ (Sami Wolking)(1999–2002)
E-Bass: „Kalma“ (Niko Hurme) (2002–2005)
Keyboard: „Enary“ (Erna Siikavirta) (1997–2005)
Battrie/ Backing Vocals: „Kita“ (Sampsa Astala) (2000–2010)
Battrie: „Otus“ (Tonmi Lillman) (2010-2012)
Aktuell Memberen
Gesank: „Lordi“ (Tomi Putaansuu)
E-Gittar: „Amen“ (Jussi Sydänmaa) (zënter 1996)
Bassgittar: „Ox“ (Samer el Nahhal) (zënter 2005)
Keyboard: „Awa“ (Leena Peisa) (zënter 2005)

Lordi ass eng finnesch Hard Rock-Band, déi 1992 gegrënnt gouf. Se ass wéint hiren ongewéinleche Monster-Kostümer an hirer aussergewéinlecher Bühneshow bekannt.

Hir Musek erënnert un traditionell Hard Rock-Bands wéi z.B. Kiss, Twisted Sister, Accept, Zodiac Mindwarp, W.A.S.P. oder Alice Cooper, gemëscht mat modernen Elementer, wéi elektronesch Kläng.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Aktuell Memberen

De Lordi gebuer de 15. Februar 1974 zu Rovaniemi, ass de Sänger a Grënner vun der no him genannter Band. Mat aacht Joer huet en ugefaange Gittar, Bassgittar a Batterie ze léieren an d'Musek vun der Band Kiss ze lauschteren. Hie war duerno de President vum finnesche Kiss-Fanclub, derKISS Army.

Hien ass e Fan vum Hard Rock aus den 80er Joren, wouduerch sech de Musekstil vu senger Band erkläre léisst. De Lordi huet sech selwer zum Make-Up- a Special-Effect-Kënschtler ausgebilt. Do versteet een dann och, datt hien d'Kostümer vu senge Bandmembere selwer entworf huet. Säin eegene Kostüm huet Fliedermausflilléken, déi sech ausklappe loossen a 20 cm héich Plateausschung. De fréiere Schoulmeeschter ass zënter Ufank August 2006 mat der véier Joer méi jonker Johanna Askola bestuet, déi d'Fonktioun vu senger perséinlecher Assistentin huet.

Kita, den Drummer

Amen ass de Gittarist vun der Band an ass zënter 1996 dobäi. Hie verkierpert eng Mumie. Säi Kostüm huet ugaangs nëmmen aus einfache Bandage bestanen, bis déi am Joer 2006 duerch méi en effektvolle Kostüm ausgetosch goufen, deen hie wéi e Pharao ausgesi léisst, deen nees operstaanen ass.

Awa ass d'Keyboarderin vu Lordi an déi eenzeg Fra an der Band. Hatt ass zënter Hierscht 2005 dobäi an ersetzt de fréiere Member Enary. Mat fënnef Joer huet et scho Pianospille geléiert war schonn a ville Bands Member. Esou huet et schonn an der Esperantosproocheger Band Dolchamar gesongen a gespillt.

Kita ass de Batteur a stellt en ausserierdescht Monster duer. Hien ass 1998 bei Lordi komm an ass zousätzlech fir den Hannergrondgesank verantwortlech. Säin Numm bedeit iwwersat "d'Schléck". De Kita ass, entgéint de Reprochen, e wier Satanist, e bekennende Chrëscht.

Ox ass de Bassist vu Lordi an zënter Oktober 2005 bei der Band. Ugaangs huet e mam fréiere Member Kalma trainéiert, éier hien deem seng Plaz iwwerholl huet. Am Januar 2006 huet en da fir déi éischte Kéier mat der Band op der Bühn gespillt.

[änneren] Gewënner vum Eurovision Song Contest 2006

Am Mäerz 2006 huet Lordi beim finnesche Virentscheed fir den Eurovision Song Contest 2006 deelgeholl. An der éischter Ronn, déi den 13. Januar war, huet d'Publikum fir d'éischt ee vu jeweils zwee Titelen vun den zwielef Virentscheeddeelhueler gewielt, mat deem déi jeweileg Grupp dann an der zweeter Ronn géint d'gewielte Titele vun den anere Deelhueler ugetruede sinn.

Mr. Lordi

Lordi ass mat den Titelen Hard Rock Hallelujah a "Bringing Back The Balls To Rock" an der éischter vu véier Semifinallen ugetrueden. Ënnerstëtzt gouf d'Grupp dobäi vum Leadsänger vun den Thunderstones, dem Pasi Rantanen, dee bei béide Lidder d'Background-Vocals bäigesteiert huet. Eng knapps Majoritéit vun de Finnen huet sech fir den éischten Titel decidéiert, deen duerno och déi éischt Singleauskopplung vum Album The Arockalyse sollt ginn.

An der Finale vum finnesche Virentscheed den 10. Mäerz 2006 konnt sech Lordi mat 42,2% vun de Stëmme géint eelef Konkurenten duerchsetzen.

Domadder hu se Finnland an der Semifinale zu Athen den 18. Mee 2006 vertrueden. Do konnte se sech als ee vun zéng Beiträg fir d'Finale qualifizéieren, wou se schlussendlech mat der Startnummer 17 opgetruede sinn.

Lordi huet den 20. Mee 2006 den Eurovision Song Contest 2006 mat 292 Punkte gewonnen. Domadder hunn se den Dima Bilan aus Russland (248 Punkten) an Hari Mata Hari aus Bosnien-Herzegowina (229 Punkten) mat 44 resp. 63 Punkte Virsprong iwwerholl. Mat deem Erfolleg huet Lordi fir déi éischt finnesch Victoire beim Eurovision Song Contest gesuergt. Dee Gewënn huet Finnland vu sengem alen Trauma erléist, als eent vun de poeteschste Vëlker vun Europa permanent ënnerbewäert ze ginn.

Wéi no der Finale verëffentlecht gouf, huet Lordi d'Semifinale och mat 292 Punkte viru Bosnien-Herzegowina (267 Punkten) an Russland (217 Punkte) gewonnen.

[änneren] Kritik am Virfeld

No hirer Victoire bei der Virentscheedung an nach méi no hirem Erfolleg an der Semifinale vun der Eurovisioun gouf Lordi Géigestand vun der ëffentlecher Kritik. Virun allem Kierchememberen hunn d'Band kritiséiert a behaapt, Lordi giff de [[Satanismus|satanistësche Glaawe verbreeden. D'finnesch Presidentin Tarja Halonen gouf suguer opgefuerdert, am plaz vu Lordi eng klassesch finnesch Folk-Band op Athen ze schécken. D'Kritiker konnten déi Virwërf awer net duerch d'Texter vun der Band beweisen.

[änneren] Kritik nom Gewënn

D'haaptsächlech Kritik huet sech awer géint den effekträiche Bühnenoptrëtt vun der Band geriicht. Mat hiren opwendege Bühnekostümer a pyrotechneschen Effekter hätte se d'Nokucker beandrockt, am plaz sech op hir musikalesch Qualitéiten ze verloossen. Et gouf hinne virun allem vun däitsche Schlager-Fans ënnerstallt, de Song Contest zerstéiert ze hunn, an deems se méi Wäert op Show wéi op Musek geluecht hätten.

[änneren] Diskografie

Alben:

Singles & EPs:

  • 2002 - Would You Love a Monsterman?
  • 2003 - Devil is a Loser
  • 2004 - Blood Red Sandman
  • 2004 - My Heaven is Your Hell
  • 2006 - Hard Rock Hallelujah
  • 2006 - Would You Love A Monsterman 2006
  • 2006 - It Snows In Hell
  • 2006 - Who's Your Daddy?
  • 2007 - They Only Come Out At Night
  • 2008 - Beast Loose In Paradise
  • 2008 - Bite It Like A Bulldog
  • 2008 - Deadache
  • 2010 - This Is Heavy Metal
  • 2010 - Rock Police

Musikvideoën

  • 2003 - "Devil is a Loser"
  • 2004 - "Would You Love a Monsterman?"
  • 2004 - "Blood Red Sandman"
  • 2006 - "Hard Rock Hallelujah"
  • 2006 - "Who's your Daddy?"
  • 2006 - "Would you love a Monsterman 2006"
  • 2006 - "It snows in Hell"
  • 2008 - "Bite It Like A Bulldog"
  • 2010 - "This Is Heavy Metal

[änneren] DVD

  • 2006 - Market Square Massacre (Live-Matschnëtt vum "Homecoming"-Concert op der Maartplaz vun Helsinki, Doku iwwert de Song Contest, "The Kin")
  • 2007 - Bringing Back The Balls To Stockholm 2006
  • 2008 - "Dark Floors"

[änneren] Gielercher

  • 2003: Emma fir dat Bescht Hard Rock/Metal-Album (Get Heavy) - die Emma ass de wichtegste finnësche Musikpräis, vergläichbar mam däitschen ECHO
  • 2006: Gewonne beim Eurovision Song Contest mam Lidd „Hard Rock Hallelujah“
  • 2006: ESC Radio Award 2006 fir déi bescht Grupp

[änneren] Weblinks

Commons: Lordi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen