Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie

Vu Wikipedia
Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie
Gebuer 18. Abrëll 1784
Gestuerwen 21. Juli 1849
Aktivitéit Schrëftsteller

De Louis Charlemagne Joseph L'Évêque de la Basse-Moûturie, gebuer den 18. Abrëll 1784 a Frankräich zu Sin-le-Noble am Departement Nord,[1] gestuerwen u Cholera den 21. Juli 1849,[2] war e franséischen Auteur mat belschen Originnen,[3] deen zu Lëtzebuerg virun allem fir säi Wierk Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché vun 1844 bekannt ass.

Dora beschreift hien d'Landschaften a Kuckeswäertes, dat en op sengem Tour duerch Lëtzebuerg gesinn oder gewise kritt huet, an och Seeërcher, déi en erzielt krut. Beschriwwe gëtt en Tour vun 3 Deeg, vun der Stad Lëtzebuerg op Tréier, woubäi deen heiten "Ëmwee" gemaach gëtt:

Trajet: Walfer, Luerenzweiler, Allënster, Miersch, Schëndels, Huelmes, Mariendall, Aansebuerg, Pëtten, Kruuchten, Colmer-Bierg, Biertreng, Schieren, Grenzen, Ettelbréck, Ierpeldeng, Dikrech.
  • 2. Dag: vun Dikrech op Veianen (5 Meilen)
Trajet: Këppenhaff, Branebuerg, Buerschent, Veianen.
  • 3. Dag: Veianen-Tréier (10 Meilen)
Trajet: Wallenduerf, Bollendorf, Bäerdref, Iechternach, Ernzen, Rouspert, Giischt, Bur, Giwenech, Igel, Tréier.

D'Buch ass haut eng intressant Quell (wann och net ëmmer 100 prozenteg akkurat) iwwer d'Land an der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert. Et gëtt ugeholl, de L'Évêque de la Basse-Moûturie hätt géint 1837 Lëtzebuerg en vue vun der Redaktioun vu sengem Buch duerchsträift.[5]

De L'Évêque de la Basse-Moûturie, deem säi Familljennumm ganz einfach "Leveque" (och nach "Levêque" oder "Lévêque" geschriwwen) war, krut 1821 duerch eng Ordonnance vum franséische Kinnek erlaabt, sech "Leveque de la Bassemouturie" ze nennen. De Leveque war deemools Kommandant vun der Gendarmerie vum Arrondissement vu Villeneuve-d'Agen am Lot-et-Garonne a Chevalier vun der Légion d'honneur (wat de "Chevalier" a sengem Auteursnumm erkläert).[1]

De L'Évêque de la Basse-Moûturie, dee mat der Catherine Charlotte Louise de la Barre (gebuer zu Lille, den 21. November 1779), bestuet war, hat véier Kanner, dorënner och de Louis Charlemagne Émile Désiré L'Évêque de la Basse-Moûturie, gebuer den 3. Juni 1820 zu Villeneuve d'Agen.[6]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • L'Évêque de la Basse-Moûturie: Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché. Luxembourg, Libr. V. Hoffman, 1844, XXIX-500 S. [4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haan, Jean, 1975. Wer war Chevalier l'Évêque de la Basse-Moûturie? Luxemburger Wort 1975, Nr. 212, S. 4.
  • Vannérus, Jules, 1929. Le Chevalier l'Évêque de la Basse Moûturie et son Itinéraire du Luxembourg germanique. Cahiers Luxembourgeois 1929, Nr. 2, S. 141-155 [och ofgedréckt an: L'Évêque de de la Basse Moûturie: Itinéraire du Luxembourg germanique. Nouvelle édition illustrée. Éditions J.-P. Krippler-Muller, Luxembourg, 1980, S. IX-XXIII].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Ordonnance du Roi qui permet au Sr. Leveque (Louis-Charlemagne-Joseph), né le 18 avril 1784, à Sin, département du Nord, chevalier de l'ordre royal de la Légion d'honneur, officier commandant la gendarmerie royale de l'arrondissement de Villeneuve-d'Agen (Lot-et-Garonne), d'ajouter à son nom celui de la Bassemouturie, et de se nommer à l'avenir Leveque de la Bassemouturie. (…) (Paris, 2 Mai 1821.) Bulletin des lois du Royaume de France, 7e série, Tome 12, contenant les lois et ordonnances rendues pendant le premier semester de l'année 1821. Paris, Imprimerie royale, 1821, S. 394. [1]
  2. Vannérus 1929.
    J.A. Massard, 1987. Berburg und die Cholera. In: Fanfare de Berbourg 1887-1987, Impr. Hoeser, Luxembourg, S. 87.
  3. Vannérus 1929.
  4. Et handelt sech ëm Meile vu 4 km, wéi den Auteur selwer op der Säit 1 vu sengem Wierk preziséiert.
  5. Vannerus, reprint 1980, S. XV.
  6. M. Lainé: Généalogie de la maison de Goethals anciennement Bonicolli. Paris 1838, S. 81s. [2].
    Kuckt och: GenaNet [3].