Marsmeteorit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Marsmeteorit EETA79001. Den éischte Meteorit, fir deen de Mars als Urspronksplaz nogewise gouf. (Foto: NASA)

Marsmeteoritte sinn achondritesch Steemeteoritten, déi vum Planéit Mars stamen. Déi bis elo bekannt Marsmeteoritte ginn och no den dräi Ënnergruppen (Shergottitten, Nakhlitten an Chassignitten) SNC-Meteoritte genannt. Obschonn den éischten SNC-Meteorit am Joer 1815 a Frankräich zu Chassigny fonnt gouf, hunn déi meescht Meteorittefuerscher eréischt zanter Ufank vun den 1980er Joren d'Ofstamung vum Mars unerkannt. Allerdéngs ass deen Urspronk net ganz sou eendeiteg geséchert wéi déi vum Moundmeteorit, well nach kee Marsgestengs fir e Verglach virläit.

Ofstamung[änneren | Quelltext änneren]

Marsmeteoritten entstinn duerch grouss Asteroidenaschléi um Mars. Duerch d'Wucht vum Aschlag gëtt Marsgestengs an de Raum geschleidert. Verschidde fräigesat Gestengsstécker erreechen d'Äerd als Meteorit.[1]

Fuerschungsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1979 gouf argumentéiert, datt déi deemools bekannt SNC-Meteoritten, anescht wéi déi meescht aner Meteoritte sinn, an net vun Asteroide stame kënnen. De Kristallisatiounsalter vun dësen SNC-Meteoritte louch bei maximal 1,3 Milliarde Joer an se haten e vulkaneschen Urspronk. Asteroide sinn dogéint scho verhältnisméisseg kuerz nom Entstoe viru 4,5 Milliarde Joer erkaalt a weisen zanterhier kee Vulkanismus méi. Et gouf ugeholl, datt ausser der Äerd nëmmen de Mars an d'Venus a Fro kéimen, well déi virun 1,3 Milliarde Joer nach Vulkanismus gewisen haten; de Vulkanismus um Jupitermound Io war 1979 nach net bekannt.

De Gedanken, datt déi besote Meteoritte vum Mars stame kéinten, hat sech eréischt 1983 duerchgesat. An engem Artikel vum Wëssenschaftsmagazin Science[2] gouf deemools gewisen, datt d'Isotopenheefegkeet vun Argon a schockverglouste Glasaschlëss am Shergottit EETA79001 de Miessungen entspriechen, déi vun der Viking-Sond an der Atmosphär vum Mars gemaach goufen. Spéider gouf och d'Heefegkeet vun den aneren Edelgase souwéi vu Kuelendioxid a Stéckstoff an dëse Glasaschlëss bestëmmt, déi och mat den Date vum Viking iwwereneegestëmmt hunn.

Bei weideren Ënnersich un SNC-Meteoritte goufen och e puer Widderspréch entdeckt, beispillsweis Xenon-Isotopenheefegkeeten am SNC-Meteorit Chassigny. Dobäi loosse sech déi duerch Bäimësche vun Edelgasen aus anere Quellen, z. B. aus dem Mars-Kär, erklären. Als weidert Indiz fir en Urspronk vum Mars gëtt dacks och déi staark Ausriichtung vun nolfërmege Kristallen a verschiddenen SNC-Meteoritte genannt. D'Ausriichtung kann duerch d'Existenz vun engem staarke Gravitatiounsfeld vun engem Kierper mat enger Gréisst vun op d'mannst dem Äerdmound während der Erstarrung vum Meteorittematerial aus dem Urspronksmagma erkläert ginn. Allerdéngs kéinten z. B. och Konvektiounsstréim vum Magma eng Ausriichtung vun de Kristalle bewierken. E weidert staarkt Indiz fir d'Marsoftaamung gouf vun der Opportunity-Missioun geliwwert, wou e Bounce Rock genannte Steen entdeckt an ënnersicht gouf, deem seng chemesch Zesummesetzung de basaltesche Shergottitten, speziell dem EETA79001, gläicht.

Ënnersich[änneren | Quelltext änneren]

D'Marsmeteoritte gi sou ënnerdeelt:

  • SNC-Meteoritte (Clan)

Diskussioun iwwer Liewensreschter[änneren | Quelltext änneren]

Elektronemikroskopfoto vum Marsmeteorit ALH84001. Et gouf driwwer gestridden, ob däi längelzech Form e Reschter vun engem Bakterium ass, ob et also op d'mannst primitiivt Liewen um Mars gouf.

Am Joer 1996 haten den David S. McKay a seng Mataarbechter Strukturen am Marsmeteorit ALH 84001 fonnt, deen 1984 an der Antarktis fonnt gouf, déi si als Spure vu fossille Bakterie gedeit haten.[3] hir Argumenter fir Spure vu fossillem Liewen an ALH 84001 goufen awer och kritesch kommentéiert:

  • Strukturen op Elektronemikroskopfotoe goufen als fossiléiert Bakterie gedeit. Et gëtt awer dogéintgehalen, datt déi Strukturen och Artefakte vun der benotzter Fototechnik si kéinten. Zudeem läit d'Gréisst vun de Strukturen nëmmen am Beräich vun e puer Nanometer, also vill méi kleng wéi gewéinlech ierdesch Bakterien.
  • Karbonataschlëss, déi Magnetitten an enger Form enthalen, wéi se op der Äerd vu Bakterie produzéiert gëtt. Et ass bis elo nach net auszeschléissen, datt dës Magnetitte net och duerch netbiologesch Prozesser geformt konnte ginn.
  • Polyzyklesch aromatesch Kuelewaasserstoffe (PAH, vum engl. Polycyclic Aromatic Hydrocarbons) bannenzeg vun der Karbonate, déi beim Zerfall vu Bakterie entstoe kënnen. Och hei ass et schwiereg ze weisen, datt et keng netbiologesch Prozesser gëtt, déi datselwecht Muster vun PAHs ausléist, wéi et am ALH 84001 fonnt gouf.

D'These vum McKay a senge Matauteure gi bis haut kontrovers diskutéiert. Et goufen an der Tëschenzäit och an zwéi anere Marsmeteoritte, Shergotty an Nakhla, méiglech Reschter vu fréierem Liewe fonnt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Rätsel um Herkunft der Marsmeteoriten gelöst
  2. Bogard D. D., Johnson P. (1983) Martian gases in an Antarctic meteorite. Science, 221, 651-654.
  3. McKay D.S., Gibson E.K.Jr., Thomas-Keprta K.L., Vali H., Romanek C.S., Clemett S.J., Chillier X.D.F., Maechling C.R., Zare R.N. (1996) Search for past life on Mars: Possible relic biogenic activity in martian meteorite ALH 84001. Science 273, 924-930.