Norbert von Kunitzki

Vu Wikipedia
Norbert von Kunitzki
Gebuer 1934
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. November 2005
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist

Den Norbert von Kunitzki, gebuer de 25. Mäerz 1934 an der Stad Lëtzebuerg am Pafendall[1], a gestuerwen de 25. November 2005 duerch en Accident zu Sapa am Vietnam, war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Manager, dee bekannt ass duerch seng Publikatiounen a seng Virträg.

Den Norbert von Kunitzki huet zu Antwerpen Ekonomie studéiert a gouf 1954 Kontabel bei der Arbed. 1970 gouf hien, mat nëmme 35 Joer, Finanzchef vun deem Stolkonzern.

1971 gouf e Professer um Centre Universitaire de Luxembourg.

1987 gouf hie Generaldirekter, an 1994 President vun der Sidmar zu Gent.

1991 krut e vun der Genter Universitéit den Éierendoktertitel iwwerdroen.

1998 koum hien hannescht op Lëtzebuerg a gouf do President vum Centre Universitaire.

Den Norbert von Kunitzki war eng Zäit laang President vun der Konsumenteschutzvereenegung a Vizepresident vum Direktiounscomité vun der Telindus. Weiderhi war hie Member vun der Luxembourg Income Study, President vun der EuroSignCard, President vum Institut d'études européennes et internationales du Luxembourg (IEIS), President vun Mobistar, Member vum Verwaltungsrot vu Systran, Member vum Verwaltungsrot vum Philharmonieorchester, vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, a vum Europe Turm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • L'immigration au Luxembourg, et après?, Serge Allegrezza, Mario Hirsch et Norbert von Kunitzki, Dutch University Press, Amsterdam, 2007
  • L'Histoire, le présent et l'avenir du modèle luxembourgeois, Serge Allegrezza, Mario Hirsch et Norbert von Kunitzki, LIEIS, 2003

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006 S. 230 an 234
  2. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der säit 94 'Promotion 1994' steet.