Ravelin

Vu Wikipedia
Ravelin vun der Fortezza di Sarzanello

Als Ravelin (och nach: Lunette, Demi-lune oder Tenaille), bezeechent ee bei Festungsanlagen en detachéiert Baussewierk, dat virun enger Courtine läit fir déi ze schützen. Den Numm variéiert jee no Form a Plaz. Den Terme selwer daucht eng éischt Kéier ëm 1450 am Text "Aveu de Meru" op.[1]

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Am Mëttelalter gouf versicht, Mauere besser géint en direkten Ugrëff duerch Infanterie ze schützen. Aus där Ursaach goufe Spëtzten an d'Mauere gebaut, Redan genannt, déi an den Terrain erausgestach hunn. Vun de Flanke vun dëse Wierker konnt ee besser op Infanterie um Fouss vun der Mauer lénks a riets vum Redan schéissen.

Mam Opkomme vun der Belagerungsartillerie ass et néideg ginn, riicht Stécker vu Mauere besser viru Bombardementer ze schützen. Dat wollt een erreechen, andeems virun d'Mauer, spéider Courtine genannt, Wierker gebaut goufen déi de Glacis ënner Beschoss huele sollten, d'Haaptwierker schütze sollten a gläichzäiteg keng direkt Vue méi op d'Mauer zougelooss hunn. Am Ufank ass dat duerch Hiwwele geschitt, déi besonnesch viru Paarten opgeschott goufen. Déi hate schonn de Virdeel, datt Kanounen do placéiert konnte ginn, déi net op de Wiergang vun enger Festungsmauer gepasst hunn. Fir den Exercice 1478 – 1479 gesinn d'Konte fir d'Stad Lëtzebuerg zum Beispill de Bau vun 3 sou Bollwierker (fr.: boulevards [2]) vir, virun der Juddepaart, der Saint-Jost Paart an der Saint-Ulrich Paart, en vue vun engem imminenten Ugrëff vun den Habsburger.[3]

Eng aner Variant war, fir virun eng Paart eng zweet Paart ze bauen, déi ënner Ëmstänn guer net mat der eigentlecher Paart a Verbindung war, ma nëmmen en direkte Beschoss verhënnere sollt, déi sougenannt Barbacane.

1497 hunn du fir d'éischt Kéier italieenesch Festungsarchitekten e gemauerte Ravelin bei der Festung Sarzanello zu Sarzana an der Provënz La Spezia an Italie gebaut. Ënner dem franséische Festungsarchitekt an –ingenieur Vauban krute wichteg Ravelinen zousätzlech en eegene Reduit, an dee sech d'Verdeedeger, am Fall vun enger Prise konnten zeréckzéien.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Éischte System vum Vauban: an der Mëtt gesäit een de Ravelin, lénks a riets jee eng Bastioun.

An éischter Linn sollt e Ravelin feindlech Artillerie méi wäit vun der Courtine ewech drécken an eng direkt Vue op d'Courtine verhënneren. Aus deem Grond leien déi Wierker baussenzeg vun der eigentlecher Befestegung.

Gläichzäiteg sollte si et der eegener Artillerie an Infanterie erméiglechen, de Glacis ronderëm besser ze kontrolléieren. Dofir besti si dacks aus spatzen Ecker déi an den Terrain erausstiechen; vun hire Flanken aus sollt et méiglech sinn, Infanterie déi ugräift, ënner Beschoss ze huelen, besonnesch an deem Moment wou déi géif probéieren no un eng Courtine oder eng Bastioun erunzekommen.

Déi Wierker ware méi déif an den Terrain geluecht wéi d'Haaptwierker vu Befestegungen, dat fir virun der géignerescher Artillerie besser geschützt ze sinn, awer och fir datt hir Eruewerung den Haaptfestungswierker näischt kéint schueden. An deem Fall war et ëmmer méiglech vun der Courtine aus, déi méi héich louch, erof op de Ravelin ze feieren. Aus deem Grond hunn sou Wierker eng oppe Kiel, d. h. si si vun hannen net befestegt fir dem Géigner, deen e Ravelin ageholl huet keng Deckung ze bidden.

Wann een eng Festungsfront no italieeneschem Muster kuckt, da wiessele sech d'Spëtze vu Bastiounen a Ravelinen of. Déi zwéin Typpe vu Wierker haten ongeféier déi selwecht Funktioun, nämlech d'Courtine ze schützen, ma hu sech duerch hiren Emplacement ënnerscheet - Bastioune louchen op den zwou Extremitéite vun der Courtine a waren direkt drun ugeschloss. Am Kräizfeier tëscht Bastiounen a Ravelins sollte géigneresch Ugrëffer zesummebriechen, souguer wann déi et sollte bis un de Fouss vun der Courtine packen.

Formen[änneren | Quelltext änneren]

Ravelin an der Form vun enger Lunette (lénks) an enger Tenaille (riets)

E Ravelin kann d'Form vun engem Dräieck hunn dee vun zwou Säite befestegt ass, änlech wéi e Redan, oder awer aus méi Ecker bestoen oder enger einfacher Mauer, mat eventuell klenge Bastiounen. Well et sou vill Forme ginn, kann ee keng kloer Zouuerdnunge vun de Formen oder Nimm maachen.

De Gruef vum Ravelin steet an direkter Verbindung mam Gruef vun de Festungswierker déi e beschützt. Kanoune kënne bannen am Ravelin a Kasematte placéiert sinn, oder awer um Ravelin. Meeschtens ass en duerch eng Caponnière mat der Courtine verbonnen. Dann ass et dacks sou, besonnesch no der Zäit vum Vauban, datt de Ravelin säi Reduit huet, vu wou aus een an d'Caponnière kënnt.

Wierker déi virun enger Courtine leie gi meeschtens als Ravelin oder Demi-Lune, wéinst hirer Form, bezeechent. Wierker déi méi komplex sinn, an eventuell eng eege Courtine hunn, ginn als Tenaille bezeechent, well si an der Grondform un eng Zaang erënneren. Wierker déi virun enger Bastioun leie gi meeschtens Lunettë genannt. Wa si genee virun der Capitale vun enger Bastioun leien an déi selwecht Form vun de Facen hunn, gi s'och nach Contre-gardë genannt. Bei Forte goufe si och Lunette genannt a benotzt fir d'Enveloppen ze schützen, si waren awer dee Moment méi kleng Ausféierungen.[4]

Am Laf vun de Joerhonnerte benotze verschidden Auteuren awer verschidde Begrëffer, an duerch déi vill verschidde Formen an Zortë verschwammen d'Ënnerscheeder tëscht deenen eenzelen Typpe gär.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ravelin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Forteresse de Saint-Armand-Montrond
Fortezza di Sarzanello (Italien)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Passion-histoire.net. Ravelin et Demi-lune.
  2. Mesqui, J. Châteaux forts et fortifications de France
  3. Thewes, Guy. De l'enceinte médiévale à la fortification bastionnée: la froteresse de Luxembourg à la veille des temps modernes. An: Luxembourg dans l'Europe de la fin du XVIe siècle: au seuil des temps moderns? Luxembourg: Musée d'histoire de la ville (1997). S 79-92.
  4. Och: De Felice. Encyclopédie, / ou / Dictionnaire / Universel Raisonné / des / Connoissances Humaines. "Contre-garde". Tome XI. 1772. Säit 267. [1]