Rue Jules-Wilhelm (Stad Lëtzebuerg)
Numm |
lb: Milliounewee fr: Rue Jules-Wilhelm |
---|---|
Längt | ca. 1580 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Clausen, Neiduerf/Weimeschhaff |
Postcode | 2728 |
Koordinaten |
49° 36’ 58.3’’ N 06° 08’ 33.1’’ O |
Genannt no | Jules Wilhelm |
D'Rue Jules-Wilhelm verbënnt de Quartier Clausen mam Weimeschhaff. Si féiert vun der Allée Pierre de Mansfeld a Clausen laanscht den Däitschen Zaldotekierfecht a laanscht d'Gebuertshaus vum Robert Schuman duerch eng Paart beim Malakoff Tuerm de Bierg aus.
Am ieweschten Deel, deen och nach Milliounewee heescht, geet si ënner dem Hémicycle erduerch a laanscht de Séminaire bis op d'Kräizung vun der Rue Marguerite de Busbach, op der Héicht vun der Sainte-Sophie.
An der Kéier beim Malakoff Tuerm geet e Foussgängerwee als Ofkierzung a Richtung Nordoste fort a stéisst uewenzeg vum Hémicycle nees op de Milliounewee. Tëscht dem Wee an der Strooss déi uewe laanscht leeft, läit den ale jiddesche Kierfecht.
Den 29. Dezember 1945 huet de Gemengerot beschloss de Weimeschhaffer Wee ëmzebenennen an där Strooss den Numm vum Historiker Jules Wilhelm ze ginn[1].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
A Clausen, Richtung Nordoste gekuckt.
-
Gebuertshaus vum Robert Schuman a Clausen.
-
Plack op der Fassade um Gebuertshaus vum Robert Schuman.
-
Stroosseschëld mam Lëtzebuerger Gebrauchsnumm.
-
Am Milliounewee, Vue erof op de Malakoff-Tuerm.
-
Vue op d'Récksäit vum Malakoff-Tuerm. Lénks d'Paart a Richtung Clausen.
-
Am Hannergrond de Bockfiels.
-
De Wee vum Malakoff Tuerm aus Richtung Weimeschhaff. Lénks hannert der Mauer läit den ale jiddesche Kierfecht.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Rue Jules-Wilhelm (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |