Schacko Klak (Film)

Vu Wikipedia
Schacko Klak
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1990
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Frank Hoffmann, Paul Kieffer
Dréibuch Frank Feitler, Paul Kieffer
nom Roman vum
Roger Manderscheid
Fotografie Jean-Louis Sonzogni
Musek Marcel Wengler
Schnëtt Nathalie Bosson
Produzent Paul Kieffer
Ody Roos
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
Claude Wagner als Chrëscht
André Jung als Papp
Michèle Clees als Mamm
Paul Greisch als Grousspapp
Josiane Peiffer als Tatta Zëss
Ulrich Eichenberger als Monni Pir
Myriam Muller als Nell
Luc Feit als Jhull
Alain Hoffmann
Steve Karier
Shirin Fabeck
Christian Kmiotek
Alexandra Ley
Gaston Gengler
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Schacko Klak ass e lëtzebuergesche Film vum Frank Hoffmann a Paul Kieffer aus dem Joer 1990. E baséiert op Elementer aus dem Roman Schacko Klak vum Roger Manderscheid.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film spillt 1942 an engem klenge Lëtzebuerger Duerf. D'Lëtzebuerger Land ass vun Hitlerdäitschland besat. Aus der Vue vum Chrëscht, engem Bouf vun 11 Joer, ginn d'Ännerungen am Duerf an am Duerfliewen, bedéngt duerch de Krich, erzielt.

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Feier vum 150. Joresdag vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet (1989) huet de Kulturministère 1988 entscheet, e Film produzéieren, dee sech mat de kultureller Identitéit vu Lëtzebuerg befaasst. Dofir huet en e Concours mat engem Präisgeld vu 15 Millioune Lëtzebuerger Frang fir dat bescht Dréibuch organiséiert . Et goufen 12 Dréibicher agereecht. D'Ekipp ëm déi spéider Produktiounsgesellschaft Samsa Film huet dee Concours mat der Iddi vun der Verfilmung vum Roger Manderscheid sengem Roman Schacko Klak gewonnen.[1]

Ursprénglech sollt et net e Film, mee eng Miniserie mat véier Episode vun 52 Minutte ginn, an d'Joren 1936 bis 1944 ofdecken, déi och am Roman beschriwwe ginn. Mee well Samsa Film keng Koproduzente fonnt huet, déi zum Budget konnte bäidroen, ass aus der Miniserie e Spillfilm ginn, dee just am Joer 1942 spillt.[2]

Accueil an Opféierungen[änneren | Quelltext änneren]

Schacko Klak war trotz dem Mangel un Erfarung vum Regisseur e grousse Succès a gëllt als e wichtege Schrëtt an der Entwécklung vun der Filmindustrie zu Lëtzebuerg.[2] E gouf zu Lëtzebuerg vun am Ganzen 11.003 Leit gesinn.[3]

Schacko Klak gouf op de Filmfestivalle vu Moskau, Giffoni, Montréal, Viareggio, Edinburgh a London gewisen, an ass och um renomméierte Filmfestival vu San Sebastian gelaf.[4][5] Op de Festivalle vun Troia ("Mention spéciale" vun der OCIC-Jury) an Alençon (Bescht Kamera) gouf e präisgekréint.[5] Schacko Klak huet 1992 zwéi "Gëlle Päiperlek"-Präisser als beschte Fiktiounsfilm a fir déi beschte Regie um Internationale Filmfestival fir Kanner zu Isfahan gewonnen.

Am November 2000 gouf de Film am Kader vum Fokus op de lëtzebuergesche Film um Filmfestival vu Kalkutta an Indien viru méi wéi 1.000 Zuschauer gewisen.[6] Och de Regisseur Paul Kieffer war bei där Opféierung dobäi.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 1988, Säit 6
  2. 2,0 2,1 paperjam.lu: 25 ans en 25 films (1/25) 1990: Schacko Klak vum France Clarinval (12. November 2015)
  3. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).
  4. De Film um Site vum Festival vu San Sebastian
  5. 5,0 5,1 Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1991, Mäerz 1992, Säit 81
  6. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 190