Sonisphere Festival
De Sonisphere Festival ass e Museksfestival deen et zënter 2009 gëtt a bei deem Gruppen haaptsächlech aus dem Beräich Metal an Hardrock optrieden.
Am Géigesaz zu engem gewéinleche Festival gëtt dëse Festival net all Joer op derselwechter Plaz ofgehalen, mä e geet mat verschiddene Gruppen international op Tournee. En ënnerscheet sech och vun den "normale" Festivallen andeems net all Band op all Festival optrëtt. Dëst läit dorun, datt e puer Festivallen a verschiddene Länner deselwechten Dag sinn.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
De Sonisphere gouf 2009 fir d'éischte Kéier vum Stuart Galbraith a senger Firma Kilimanjaro organiséiert. Dat ass déi Firma, déi och deemools de Monster of Rock-Festival an den Download Festival organiséiert huet.
2009 [änneren]
Dat éischt Joer goufe Festivallen vun 1 Dag an Holland, Däitschland, Spuenien, Schweden, Finnland an vu 2 Deeg a England organiséiert. Deen éischte Festival 2009 war den 20. Juni zu Nijmegen an Holland. Als Headliner op alle Festivalle ware Metallica, Mastodon a Lamb Of God. Op vereenzelte Festivalle si Bands wei Slipknot, Korn, Die Toten Hosen, Anthrax, Linkin Park, In Extremo, Bullet For My Valentine an anerer opgetrueden.
2010 [änneren]
2010 goufen d'Festivallen a Groussbritannien, Schwäiz, Tierkei, Rumänien, Bulgarien, Griicheland, Finnland, Schweden, Spuenien, Tschechien a Polen opgefouert. Als Headliner goufe Rammstein, Iron Maiden, Metallica, Alice Cooper, Mötley Crüe, Motörhead, Iggy & The Stooges, Megadeth, Slayer oder Anthrax genannt. De Festival an Groussbritannien war op 3 Deeg erweidert ginn.
2011 [änneren]
Fir 2011 waren am Ganzen 12 Festivallen an der Tierkei, Italien, Schweden, Griicheland, Spuenien, England, Tschechien, Rumänien, Schwäiz, Finnland, Bulgarien, Indien a fir d'éischte Kéier a Frankräich. Mat derbäi waren Iron Maiden, Metallica, Slipknot, Anthrax, Slayer, Megadeth, Linkin Park a Mastodon. Keng vun dëse Bands ass op all Festival opgetrueden. De Festival a Bulgarien ass awer weenst logistische Problemer ofgesoot ginn.
De Sonisphere Festival a Frankräich war den 8. an 9. Juli 2011 virum Galaxie zu Amnéville. Et waren iwwer 80'000 Leit aus Frankreich, Deitschland, Lëtzebuerg an der Belsch ugereest fir d'Headliner Metallica, Slayer, Megadeth, Slipknot an Anthrax souwéi nach e Koup aner Gruppen, dorënner Papa Roach a Volbeat, dei schonn e puermol zu Lëtzebuerg waren, live ze gesinn.
2012 [änneren]
Fir 2012 si 6 Festivallen a Groussbritannien, Polen, Spuenien, Schwäiz, Finnland a Frankräich ugekënnegt gin. De Festival a Grousbritannien ass awer am Mäerz nees ogesoot gin.
De Sonisphere Festival a Frankräich ass de 7. an 8. Juli nees virum Galaxie zu Amnéville. Faith No More, Evanescence, Marilyn Manson a Wolfmother sinn d'Headliner. Mat Porn Queen ass och eng Grupp aus Lëtzebuerg derbäi.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Sonisphere Festival – Biller, Videoen oder Audiodateien |