Metallica

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Metallica

Metallica ass eng vun den erfollegräichsten US-amerikanesche Metal-Bands, déi zënter Ufank vun den 1980er Jore Musek mécht.

Metallica huet zënterhier vill zu der Entwécklung vun deem Musikgenre, dee se verkierpert huet, bäigedroen, an huet och, well si sech an engem Stéck weiderentwéckelt huet, an den 1990er nach vill nei Supporter gewonnen. Duerch hiren Erfolleg stoung se jorelaang als Beispill fir d'Metal Musek iwwerhaapt.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Band

D'Membere sinn:

D`Ex Membere sinn:

[änneren] Geschicht

Den "zweeten" Lineup: circa 1987. Vu lénks no riets: Lars Ulrich (Batteur), Jason Newsted (Bassgittar), Kirk Hammett (Begleetgittar), James Hetfield (Rhythmusgittar a Gesank)

Metallica gouf 1981 zu Downey, Kalifornien duerch de Batteur Lars Ulrich an den Gittarrist a Sänger James Hetfield gegrënnt, déi sech duerch Zeitungsannoncë kennegeléiert hunn (The Recycler). De Bassist Ron McGovney deen och vun Downey koum, war och ee Member vun Ufank aus un. D'Band huet et mat e puer Gittarriste probéiert bis se 1983 den Dave Mustaine (och erëm duerch eng Zeitungsannonce) als LeadGittarrist fonnt hunn. Hiren Numm hu Metallica kritt nodeems datt de Lars engem Metal-Promoter, dem Ron Quintana aus San Francisco, gehollef huet, fir een Numm fir eng Metal-Zeitung ze sichen, déi Metal-Bands sollt ënnerstëtzen (New Wave Of British Heavy Metal). An de Kapp sinn hinnen ënner anerem "Metal-Militia" a "Metallica" komm. De Lars huet sech dunn direkt den Numm Metallica fir seng nei gegrënnte Band reservéiert.

Ufanks 1982 huet Metallica schonns "Hit the Lights" fir déi éischt Metal Massacre Kompilatioun opgeholl. De Gittarrist Lloyd Grant huet deemools d'Gittarsoloen op deem Stéck iwwerholl, mee hie war ni e richtege Member vun der Band. Wéi schonns gesot hu si eng Annonce an d'Zeitung gemaach fir e Leadgittarrist ze kréien, an den Dave Mustaine huet sech gemellt, an de Lars an den James ware scho sou vum Dave sengem Equippement begeechtert, datt si hien neméi laang hu missen héiere spille fir hien an d'Band opzehuelen. Mat him gouf dunn e puer Méint méi spéit "No Life Till Leather" opgeholl, wat fir richtegt Gedäisch an Opmierksamkeet vu Säite vun der Underground Metal Zeen gesuergt huet. Zu dësem Zäitpunkt hat och schonn de Cliff Burton aus dem Castro Valley, Kalifornien, de Ron Mc Govney ersat.

D'Band huet sech séier zu El Cerrito, am Contra Costa County, Kalifornien, néiergelooss an huet sech och séier an der lokaler Trash Metal Zeen duerch Live Optrëtter an d'Gebraddels vun de Leit ee gudden Numm gemaach. 1983 si Metallica dunn op New York gaang fir e puer Concerten ze spillen an hu séier dono e Vertrag mam lokale Promoter Marsha Zazula sengem Label Megaforce Records ënnerschriwwen, déi dunn och hir éischt zwee Albumen erausbruecht hunn: "Kill 'Em All" a "Ride The Lightning". Allerdéngs ass och zu deer Zäit den Dave Mustaine, wéinst spaltendem onproduktivem Behuelen an der Band, Alkolismus a Drogemëssbrauch erausgeworf ginn. De Kirk Hammett aus der Band Exodus huet den Dave séier ersat. De Mustaine huet dunn och seng eegen ThrashMetal Band Megadeth gegrënnt.

Den éischte Metallica Album, Kill 'Em All, huet wéinst dem James Hetfield senger markanter Stëmm a sengem aggressive Gittarsound e Beispill fir alles dat gesat, wat si all déi Joren duerno nach géife maachen. Ee Joer duerno huet hiren nächsten Album Ride the Lightning duerch méi laang Lidder, instrumental Feierwierker an Texter déi wäit iwwer dem Niveau vun deene vu Kill 'Em All loungen, hir Form ausgedeent a verbessert. Op dësem Album war och hir éischt Ballad, Fade To Black vertrueden, ee méi luest, introvertéiert Lidd, an deem et iwwert engem seng Selbstmordgedanke geet. Dëst huet sécherlech och vill zum Erfolleg vu Ride The Lightning bäigedroen. "Fade to Black" war dat éischt Lidd an enger Traditioun, gefollegt vu Welcome Home (Sanitarium) a One. Et ware grad dës lues introspektif Lidder, déi Metallica vun deene meeschte Metal Bands, wéi Anthrax, Slayer oder Megadeath ënnerscheet hunn. Natierlech goufe si och vu berühmten (New-Wave-Of-British-) Heavy Metal Bands aus deer Zäit, wéi z.B. Diamond Head, Motörhead a Saxon, mee och vu Punk-Rock-Bands wéi Misfits an Discharge an hirer Musek beaflosst. Allerdéngs hu si vill méi Wäert drop geluecht fir de Soft-Metal aus der Welt ze schafen an den Heavy Metal sou richteg ze beliewen.

Metallica, Damage Inc tour

Nodeems si 1984 e Vertrag mat Elektra Records ënnerschriwwen hunn, hu se sech un d'Aarbecht gemaach fir hiren drëtten Album ze maachen, nämlech Master Of Puppets, deen den [21. Februar]] 1986 erauskoum. Vill Metallica Fanne gesinn dësen Album als hire Beschten. Leider ass kuerz duerno, de 27. September 1986 de Bassist Cliff Burton bei engem Busaccident zu Ljungby, Schweden, ëm d'Liewe komm. Zwar huet schonn dräi Wochen no dem Cliff Burton sengem Begriewnis de fréiere Flotsam And Jetsam Bassist Jason Newsted de Verstuerwenen ersat (28. Oktober), mee déi aner Membere vun der Band sinn ni esou richteg iwwert dem Cliff säin Doud ewegkomm. Metallica hunn dunn och mam Jason hir Damage Inc. Tour fäerdeg gemaach, mee den Jason hat extrem Schwieregkeeten, sech an d'Band ze integréieren. No der Tour hu se dunn am Juli 1987 Garage Days Re-Revisited opgeholl, wou si nëmme gecovert Lidder vun hire preferéierte Bands opgeholl hun.

1988 hu si dunn ...And Justice for All opgeholl, den Album, op deem e puer vun deenen strukturell komplexeste Stécker vun der Band drop sinn. Verschidde Stécker sinn esuguer sou komplex oder laang, datt Metallica se net live spillen. Gläichzäiteg war dat den éischten Studio-Album deen se no dem Doud vum Cliff Burton opgeholl hun. Op hiren Albume virdrun an och op dësem huet een allerdéngs däitlech den Afloss vum verstuerwenen Bassist bemierkt. Hie war wierklech ee Préifsteen fir d'Band a war gréisstendeels fir de Sound vun der Band verantwortlech. Ausserdem war dat déi éischte Kéier wou si ouni hire Produzent Flemming Rasmussen geschafft hunn. Den Jason Newsted huet natierlech d'Roll vum Bass iwwerholl, obwuel een de Bass um Album bal net raushéiert, well déi aner dräi Memberen de Basstoun warscheinlech däermoossen erofgedréint hunn. Et gëtt vill doriwwer spékuléiert, ob dat just eng vun de Reaktiounen op dem Cliff säin Doud war, oder ob si den Jason express wollte rose maachen. ...And Justice For All war wierklech e Meilesteen an der Geschicht vum Metal, virun allem well mat dësem Album endgülteg d'Blues-Element aus dem Metal verschwonnen ass. Ausserdem waren op dësem Album e puer vun deene beschte Gittar-Riffer, déi d'Metal-Welt je gesinn huet. Dem Kirk seng Soloë waren innovativ an de Lars huet seng Batterie sou komplex wéi nach ni gespillt. Metallica hiren éischte Video gouf dunn och gedréint: Däischter, krankhaft an e bëssen makaber huet One d'Grujele vun engem Affer aus dem Éischte Weltkrich duergestallt. Duerch dëse Video, den op MTV relativ berühmt gouf, ass d'Band nach méi bekannt ginn. Op dësem Album as och hiert (bis elo) lescht instrumentaalt Stéck To Live Is To Die, wat als eng Aart Tribut fir de verstuerwene Cliff Burton gegollt huet. An deem Stéck goufe bis deemools ongebrauchte Riffer gebraucht, déi vun him geschriwwe gi sinn, an e Gedicht wat hie verfaasst hat.

1991 as dunn deen no hinne selwer benannten Album Metallica erauskomm (och ënnert dem Numm Black Album bekannt). Dësen Album gouf vum Bob Rock matproduzéiert, deen och schonn Albume vu Pop-Metal-Bands wéi BonJovi oder Mötley Crüe produzéiert huet. Dat huet dozou bäigedroen, datt dësen Album, am Verglach zu deenen virdrun, relativ kommerziell ausgefall ass. Op dësem Album war dunn och Metallica hiren éischte kommerziellen Hit Enter Sandman, deen e Beispill ginn huet fir dee gekierzten Stil vun Texter um Album. Dëst war och Metallica hiert bekannteste Lidd. En aneren Hit war Nothing Else Matters, eng méi einfach Ballad, déi vill vun Metallica hiren treien Hardcore Fanne rose gemaach huet. Mat dësem massive Crossover-Hit als Album si si onweigerlech an den Mainstream katapultéiert ginn. Et war och eréischt mat dësem Album mat deem sech Metallica fir d'éischt mat "Ausverkaaft" bretze konnten.

Dës ausverkaafte Concerten hunn och duerch déi ganz 1990er Joeren ugehal. Virun allem déi dräi Joer Tour no der Verëffentlechung vum Black Album waren extrem erfollegräich. Den Event deen am bekanntesten ass, ass deen zu Montreal (1992), wou den James sech während dem Ufank vun Fade To Black duerch en Accident mat Feier op der Bühn säi lénksen Aarm schwéier verbrannt huet. Doduerch konnt hien de Rescht vun der Tour keng Gittar méi spillen, an de virmolege Metallica- Roadie John Marshall huet Gittar gepillt, während den James viru gesongen huet. D'Produktioun vum Black Album an d'Tour duerno goufen och deelweis fir den Dokumentarfilm A Year And A Half In The Life Of Metallica opgeholl.

No dësen dräi Joer op Tour hu Metallica dunn eng Paus gemaach, bis den 13. Dezember 1995, wou se hiren éischte Song fir den Album Load opgholl hunn: Hero Of The Day. Den Album as 1996 erauskomm. Direkt ee Joer duerno ass den Nofolger ReLoad erauskomm. Des zwee Albume waren dunn endgülteg de Schluss vun hirem genéckbriechendem Speed Metal an hire komplexe Gittarkompositiounen. Amplaatz goufen et Blues-Rock Lidder, déi voll mat waarme Gittartéin waren. Dem James seng Stëmm krut méi eng wichteg Roll wéi virdrun, a bei verschiddene Lidder hu se gelleg mat neien Instrumenter experimentéiert, wéi z.B. Country-Gittar bei Mama Said oder en Duddelsak a Low Man's Lyric. Glécklecherweis sinn d'Komplexitéit an d'Intelligenz vun hire Liddertexter duerch hir nei kommerziell Oder net ofgeschwächt ginn, an hunn nach ëmmer genau esou schwiereg Theme wéi Kriibs, Drogemëssbrauch, perséinlech Problemer an d'Gesellschaft behandelt. De gréisste Schock fir d'Fannen waren alldéngs déi nei Frisure vu Metallica, déi si sech 1996 ugeluecht hunn: kuerz Hoer.

Vill vun deenen Ännerungen op Load a ReLoad waren eigentlech schonn um Black Album virauszegesinn, mee déi Meescht gesinn dës zwéin Albumen als Dréipunkt vun der Metallica-Carrière. Dës goufe vill manner verkaaft wéi déi dräi virdrun. Agefleeschte Supporter hu si zënterdeem sarkastech Poptallica oder Alternica genannt, well se mëttlerweil éischter Mainstream-Pop-Rock oder Alternativ-Rock gemaach hunn. Dat war natierlech och de Grond firwat grad d'Lidder vun dësen zwéin Albume sou dacks um Radio gespillt goufen, wéi z.B. Fuel, Until It Sleeps, The Unforgiven II, Hero Of The Day, The Memory Remains an King Nothing.

Metallica circa 1999

1998 hu Metallica kuerz hir Roll als Coverband opliewe gelooss andeems se eng duebel CD mat neëmme Coveren opgeholl hunn, ënner anerem vun Thin Lizzy, The Misfits, Black Sabbath, Nick Cave, Bob Seger an natierlech déi ganz Garage Days Re-Revisited CD mat Diamond Head- a Motörhead-Coveren. Dofir gouf dës Kompilatioun och Garage Inc. genannt.

De 7. Mäerz 1999 gouf Metallica offiziell an de San Francisco Walk Of Fame opgeholl an de Buergermeeschter vu San Fransisco huet den Dag als Official Metallica Day declaréiert. Ee Mount duerno, den 21. an den 22. Abrëll, hu si zesumme mam San Fransisco Symphony Orchestra e Concert opgeholl. D'Iddi, Metallica mat engem klasseschen Orchester zesummenzebréngen, koum vum Michael Kamen, den Dirigent vum SF Symphony Orchestra, deen och scho fir Nothing Else Matters mat Metallica zesumme geschafft huet. Sou ass et komm, datt de Kamen, zesumme mat sengem Orchester, zousätzlech klassesch Musek zu de Lidder vu Metallica komposéiert hunn. Dobäi hun och Metallica nach zwee ganz nei Stécker fir de Concert geschriwwen, nämlech -Human an No Leaf Clover. Den Album, dee bei dësem Concert enstanen ass, ass nach datselwecht Joer ënnert dem Numm S&M raus komm.

Am Joer 2000 war et dann esouwäit, datt Metallica eng Demo vun hirem Song I Disappear um Napster network ronderëm schwirren gesinn hunn. Kuerz duerno hu se gemierkt, datt all hir Lidder fräi um Netz ze kréie waren. Sou séier wéi méiglech hu si Napster ugeklot, 300.000 Napster Benotzer kruten hir Konten zou gemach. Ausserdeem hu si d'Yale University, d'University Of Southern California an d'Iniana University ugeklot, well si Napster op hirem Campus net verbueden haten. Datt grad Metallica Napster ugeklot hunn, géif een denken, wier eigentlech e Widdersproch, well grad si waren et jo déi am Ufank vun hirer Carrière Kopië vu Concerten opgeholl hunn a si duerno gratis verdeelt hunn...

Dëse Virfall huet natierlech och fir PR Albdreem gesuergt. Am Internet si masseg Parodien opgedaucht, déi den James an den Lars als selbstsüchteg topeg Rockstaren duergestallt hunn, déi total de Bezuch zu hire Supporter verluer hunn. De bekanntesten ass wuel deen op campchaos. Dëst hat och zur Folleg, datt sech vill Supporter vun hinne "getrennt" hunn.

Iert si dunn allerdéngs 2001 hiren neien Album ophuele konnten huet en neie Schlag d'Supporter vu Metallica getraff: den Jason Newsted huet Metallica verlooss. Obwuel hien et am Ufank schwiereg hat fir sech ze integréiren, war hien dach mat der Zäit en Deel vu Metallica ginn op deen ee schwéierlech verzichte konnt. Him no wiere gesondheetlech a kierperlech Problemer d'Ursaach dofir gewiescht. Mee spéider ass dunn erauskomm, datt hien nach u sengem Nieweprojet Echobrain geschafft huet a kuerz duerno der Band Voivod bäigetrueden ass. Et war du kloer datt virun allem dem James seng Resistenz géint dem Newsted säi Wonsch och eppes Onofhängeges ze maachen dorunner Schold waren, datt den Jason d'Band verlooss huet.

Allerdéngs war dat net den eenzege Réckschlag fir Metallica. Och den James huet sech missten zeréckzéien; nämlech fir an enger Rehaklinik eng Entzugskur ze maachen, wéinst Alkoholismus an aneren Ofhängegkeeten. Metallica als Solcht huet opgehal mat "funktionéiren" a fir d'éischte Kéier hu Metallica un d'Méiglechkeet geduecht opzehalen. Nodeems den James mat der Kur fäerdeg war hu si sech zu dräi allerdéngs rëm lues a lues getraut fir den nächsten Album ze schreiwen an opzehuelen. Hire Produzent Bob Rock huet du soulang de Bass iwwerholl, bis se schlussendlech 2003, wou den Album scho fäerdeg war, en neie Bassist fonnt hunn: De Robert Trujillo, deen zu deem Zäipunkt grad mam Ozzy Osbourne getourt ass. Witzegerweis hat dunn den Jason Newsted de Robert op der Tour mam Ozzy ersat.

Metallica ëm 2004

Am Juni 2003 hu Metallica dësen Album ënnert dëm Numm St. Anger rausbruecht, deen direkt op Nr. 1 an den Album Charts komm ass als aggressivsten, rauesten Album zënter deene leschten zéng Joer gegollt huet. Dat war d'Resultat vun deene stännege Kritiken, si hätten hiren typeche Stil verluer: E rauen onpoléierten Album, ouni Solien an op dem kee Feeler verbessert gouf. Sou hu Metallica alt rëm eng Kéier Courage zu eppes Neiem bewisen, a gewisen, datt si trotzdem nach ëmmer kënne sou aggressiv si wéi virun 20 Joer an datt se nach ëmer maache wat se wëllen. An obwuel se och vill fir dësen Album kritiséiert goufen, hu si trotzdem 2004 e Grammy dofir gewonnen. Hiren zweeten Dokumentarfilm Some Kind Of Monster ass kuerz duerno rauskomm an huet en Abléck an d'Welt vu Metallica gi wéi een et nach ni hat; wahrscheinlech dowéinst, well sech de Film haaptsächlech op d'Spannungen tëscht de Membere konzentréiert huet. Allerdéngs huet dësen Film vill dozou bäigedroëe, datt den Album wierklech gemaach gouf.

Fir hiren neien Album ze supportéire si si zwee Joer laang getourt (Madly In Anger With The World Tour), an hunn all Show professionell opgeholl an op LiveMetallica.com verkaaft. No dëser Tour hu si dunn eng Paus gemaach fir rëm zréck am Studio Enn 2005 mat hirem nächsten Album unzefänken. Den 20. September 2005 ware Metallica allerdéngs am Sudio fir hir Stëmme fir eng Simpsons Episode opzehuelen, déi am Mee 2006 erauskoum.

Am Hierscht 2005 si se an den Studio gaange fir Material fir hiren neien Album opzehuelen.

Hiren nächsten Album wäert am Hiërcht 2007 oder spéitstens Ufank 2008 erauskommen. De Lars Ulrich huet versprach, datt säi Snare-Drum net mei sou komesch kléngt. De Rick Rubin hat an engem Interview gesot, datt Metallica sech net nei erfannen soll. Den Album soll bal d'selwecht wéi Master of Puppets sënn. Et gëtt gesot, datt se als Intro eng Versioun vun The Ecstasy of Gold wäerte spille well se op engem Tribute Album vum Ennio Morricone gespillt haten.The Ecstasy of Gold ass e Lidd vum Film The Good The Bad and The Ugly, si benotzen et als Intro op Konzerten. The Ecstasy of Gold - Metallica e klenge Viigeschmaach.

[änneren] Discographie

[änneren] Albumen

Joer Titel Label Zousätzlech Info
1983 Kill 'Em All (verkaaft: 3 Milliounen) Megaforce Rechter un Elektra verkaaft
1984 Ride the Lightning (verkaaft: 5 Milliounen) Megaforce Rechter un Elektra verkaaft
1986 Master of Puppets (verkaaft: 6 Milliounen) Elektra
1987 Garage Days Re-Revisited (verkaaft: 1 Millioun) (EP) Elektra
1988 ...And Justice for All (verkaaft: 8 Milliounen) Elektra
1991 Metallica (verkaaft: 14 Milliounen) Elektra Och nach "The Black Album" genannt
1993 Live Shit: Binge & Purge Elektra Live box set (mat Videoe vun zwou Showen)
1996 Load (verkaaft: 5 Milliounen) Elektra
1997 ReLoad (verkaaft: 3 Milliounen) Elektra
1998 Garage Inc. (verkaaft: 5 Milliounen) Elektra Eng Kollektioun vu Coveren
1999 S&M (verkaaft: 5 Milliounen) Elektra Zesumme mam San Francisco Symphony Orchestra (Symphony & Metallica)
2003 St. Anger (verkaaft: 3 Milliounen) Elektra
2004 Some Kind of Monster (EP) Elektra

(Dës Date baséiren op de Verkeef an den USA. Weltwäit hu Metallica ongeféier 100 Milliounen Albume verkaaft.

Ausser an den USA a Kanada goufe Metallica Albume vu Vertigo/Universal verëffentlecht.

D'Lidd I Disappear gouf fir de Soundtrack vu Mission Impossible 2 opgeholl.

53rd and 3rd (E Ramones Cover) gouf fir en Tribut Album fir d'Ramones opgeholl: "We're A Happy Family: A Tribute to the Ramones"

D`Lidd The Ecstasy of Gold gouf fir eng Tribute CD vir den Ennio Morricone vun Metallica opgeholl.

[änneren] DVD & Video

Perséinlech Tools